Archives de catégorie : Non classé

biireng21 – nees aktiv

Als Reaktioun op d’Präsentatioun vun der regionaler Verkéiersétude am Raum Diddeleng-Betebuerg (19.11.2015 am LNBD) ass eis Biergerinitiative nees aktiv ginn. Di nächst Reunioun, op déi all interesséierte Bierenger, an och Diddelenger Bierger invitéiert ass, fënnt den 25. Februar um 19.00 h … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur biireng21 – nees aktiv

Entrevue um Nohaltegkeetsministère

De 17. Oktober 2014 hate Vertrieder vu biireng 21 eng Entrevue am Nohaltegkeetsministère, zesumme mam Minister François Bausch a Staatssekretär Camille Gira (wou d’Réunioun no 20’ verlooss huet), Vertrieder vu Ponts et Chaussées, Waasserwirtschaftsamt an CFL. Folgend Punkte goufe beschwat: … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Entrevue um Nohaltegkeetsministère

Bréif vum Méco a Saachen Diddelenger Baach

De Méco reagéiert mat dësem Bréif op t’Verbesserungsvorschléi vum Wasserwirtschaftsamt zu den Emgestaltungsarbechten un der Diddelenger Baach. Eng Kopie vun dem Schreiwes goung un t’Ministeren Bausch an Dieschbourg, souwéi un de Staatssekretär Gira. Bis elo ass vu kenger Säit eng … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Bréif vum Méco a Saachen Diddelenger Baach

Bréif un de Minister Bausch

Mir hun den 18 Abrëll e Bréif un de Minister Bausch geschéckt, an deem mir op di net fondéiert Analyse vun de P&Ch zu de Propositounen vum Här Paul Guennou hiweisen. Bis elo ass de Minstère eis dorop eng Äntfert … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Bréif un de Minister Bausch

Stellungnahm vum H. Paul Guennou

Den Här Paul Guennou reagéiert op dëse Säiten op t’Analyse resp. op déi eiser Meenung no onfondéiert Kritiken, déi P&Ch zu sengen Propositiounen gemat hun. Liest seng Argumenter a mat eech selwer e Bild.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Stellungnahm vum H. Paul Guennou

Infoversammlung vum 3. Abrëll – Slides

Hei setze mir eng Zesummestellung vun deene wichtegste Slides online, déi op der Infoversammlung vum 3. Abrëll gewise goufen. Den 1. Deel enthält di allgemeng Presentatioun vum Projet, sou wéi en aktuell geplangt ass. Den 2. Deel weist Detailer zum … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Infoversammlung vum 3. Abrëll – Slides

Stellungnahm vun Déi Gréng Diddeleng

Am Annonceblad vum 23. 4. 2014 publizéieren déi Gréng Diddeleng eng Stellungnahm zum geplangten CFL-Multimodal, a lëschten eng Rei Punkten op, di och ville Birenger an Diddelenger Awunner grouss Suergen maachen.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Stellungnahm vun Déi Gréng Diddeleng

Reportage iwer Biireng21 am « Nol op de Kapp »

D’RTL-Emissioun « Den Nol op de Kapp » zum Thema Mega-Rond-Point tëschent Diddeleng a Beetebuerg um Echangeur Dudelange/Burange. De Reportage enthält interessant Aussoe an Alternativvirschléi vu verschiddene Membere vu Biireng21 an Diddelenger Awunner. Donieft ass eng Stellungnahm vum Diddelenger Schäffen Dan Biancalana … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Reportage iwer Biireng21 am « Nol op de Kapp »

Infoversammlung vum 3. 4. am Pressespighel

De Minister François Bausch, de Staatssekretär Camille Gira, CFL a P&Ch waren den 3. 4. am Lycée Nic Biever präsent, fir iwert de Projet Multimodal an iwert seng Konsequenzen op t’Verkéiers- a Kaméidissituatioun fir t’Awunner vun Diddeleng ze schwätzen a … Continuer la lecture

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Infoversammlung vum 3. 4. am Pressespighel

De Jean-Jacques Muller Invité vun der Redaktioun op RTL

Hei e Link zum Interview, deen de Jean-Jacques Muller vu Biireng21 dem Corinne Folscheid vun RTL gin huet. Hien huet eis Astellung zum Projet duergeluecht, an eis Bedenken, Fuerderungen a Proposen kloer an iwersichtlech resuméiert.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur De Jean-Jacques Muller Invité vun der Redaktioun op RTL