Vertrieder vu Biireng21 haten e Freideg den 10.Mee um 17.00 h eng Entrevue mam Diddelénger Buergermeeschter Alex Bodry an dem 1. Schäffen Dan Biancalana. Do sin eis Uleies nach eemol op t’Tapéit komm an och net op daf Oueren gefall.
T’Gemengevertrieder hun sech enner anerem engagéiert, a Saachen zousätzlech Etude zum Verdeelerkrees, Oprichten vu Lärmschutzwänn a Bau vun engem Velos- resp. Foussgängerwee ganz aktiv um Ball ze bleiwen.