Neies am Dossier Diddelenger Baach

T’Waasserwirtschaftsamt reagéiert op eis Bedenken a proposéiert eng Rei Amendementer um Projet:

1) d’Unterführungen vun der Baach ënnert der A 13, der Eisebunnslinn an dem CFL Multimodalsite ginn sou emgestalt, dass eng ökologesch Duerchlässegkeet garantéiert bleift (d.h. dass Liewewiesen weiderhin op dem ënnerierdeschen Deel migréiere kënnen); eng méi héichwäerteg Léisung also, wéi just zwee déck Kollekterréier an den A 13 Talus ze dreiwen.

2) den bis 6 m déiwe Gruef, an deen d’Baach nördlech vun der A 13 geluecht sollt ginn, soll verschwannen, an et soll eng besser Léisung proposéiert ginn.

3) op dem Site vun CFL Multimodal soll d’Baach guer net méi gedeckelt ginn.

4) den Deel südlech vun der A 13 op Diddelenger Säit ka méi naturno gestalt ginn, well d’CFL Emprisen op Terrain’e ronderëm d’Baach krut.

5) dat abrupt Niveausgefäll op Diddelenger Säit (e richtegen Treppléck), dat och en Hindernis fir eng ökologesch Duerchlässegkeet duerstellt, soll egaliséiert ginn.

2013-03-07_17-33-18_658

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.