biireng21 – nees aktiv

Als Reaktioun op d’Präsentatioun vun der regionaler Verkéiersétude am Raum Diddeleng-Betebuerg (19.11.2015 am LNBD) ass eis Biergerinitiative nees aktiv ginn. Di nächst Reunioun, op déi all interesséierte Bierenger, an och Diddelenger Bierger invitéiert ass, fënnt den 25. Februar um 19.00 h am Clublokal vum FC Burange (läscht Haus op der lénker Säit an der Albert Schweitzer Strooss) statt. Um ODJ steet, wéi net anescht ze erwaarden di besoten Verkéiersetude. Mir si besonnesch mat der Ëmgestaltung vun der N31 tëscht dem neie  Mega Rond-Point « échangeur de Burange » an der Kräizung bei der Q8 net mat den Auteuren vun der Etude d’accord. Mär hunn Entrevue’en mam Diddelenger Schëfferot an dem MDDI Minister François Bausch ugefrot. Klickt op de link vun der homepage vun der Diddelenger Gemeng a kuckt Iech an dem Kontext d’Säiten 59 a 60 vun der Verkéiersetude un. Liest och de Kommentar ënnert dem Onglet « Verkéier » an de Bréif ënnert dem Onglet « Courrier ».

http://www.dudelange.lu/mobilite

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.