Kommodo-Prozedur Vergréisserung Q8

Eisen Aktiounskomitee ass géint all Vergréisserung vun Tankstellen un der Lëtzebuerger Strooss, dat am allgemengen, a konsequenterweis ganz aktuell och géint d’Vergréisserung vun der Q8 Tankstell um Rond-Point bei der Birenger Barrière.

Dat wéint der Proximitéit vun der Q8 Tankstell (an och den aneren Tankstellen) zu de Wunnquartier’en. Vun all den Tankstellen ginn Nuisancen aus, wéi zousätzleche Verkéier, Kaméidi a Benzolemissiounen, besonnesch rondërem d’Q8, wou rezent vill nei Residencen gebaut gi sinn. En Argument ass och, dass all zousätzleche Verkéier, den op d’N31 gelackelt gëtt (an dem heite Fall duerch d’Tankstellvergréisserung), zu dem Cumul un Schadstoffemissionen (Steckoxyder, CO2, Feinstaubpartikel, VOC) dee souwisou schon  duerch de massive Verkéier op déier Staatsstrooss héich ass, nach zousätzlech bäidréit.

E puer Memberen vun eisem Aktiounskomitee hunn an hirem perséinleche Numm (biireng21 ass keng juristesch Persoun) och Recours géint d’Vergréisserung vun der Q8 geholl. Den exakten Wuertlaut vum Recours ass ënnert « Courrier » nozeliesen.

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.