Wen decidéiert? P&CH – oder d’Politik=de Bierger hir mandatéiert Vertrieder?

biireng21 huet vun Ufank un a Fro gestallt, dass de Mega Rond-Point « échangeur de Burange » sou wéi en och haut nach op dem Site vu P&CH http://www.pch.public.lu/fr/projets/autoroutes/a13-echangeur-burange/index.html anzekucken ass, fonktionéiert. Mär hunn Alternativen vum franséischen Ingenieur Guennou – en Diddelenger Awunner, a Member beim Diddl. Biergerforum, deen d’Situatioun aus dem ff kennt – ausschaffe gelooss (->kuckt ënnert dem onglet « Dokumenter »: Paul Guennou document 2 a 4).

biireng21 huet bei enger Entrevue mam Minister Bausch, vum Här Fox, directeur adj. a Chefingenieur vu P&CH. a sengen Ingenieure versëchert kritt, dass alles am Detail mat Computersimulatioun duerchgerechent an duerchexercéiert ginn ass, an dass de Mega Rond-Point (an der Press genannt « Krake mit 9 Armen« ), sou wéi en um Plang agezeechnet ass, och fonktionéiert.

Elo op eemol an der regionaler Verkéiersetude (Schroeder & Ass.), wou P&CH den Optraggeber ass (« wessen Brot ich ess, dessen Lied …….. ») gesäit de Rond-Point an engem wesentlechen Punkt anescht aus: – e gëtt mat 4-spuerege Stroossen ugefuer, wat bedeit, dass mer am Agang vun Diddeleng e 4-spuerege Boulevard kréien (ähnlech wéi zu Foetz –> kuckt ënnert dem onglet « Biller »)  sou dass d’ Bamallee misst ofgeholzt ginn – fir biireng21 en absoluten No-Go!!! Mär beharren op enger Entrée an eis Stad di ästhetesch, a sënnvoll ass, well se den NOx an d’Feinstaubpartikel vum Trafic op der N31 filtert. An dësem Fall ass e sënnvollt Verbannen vun Ästhetik, logisteschen Ufuederungen, mee awer och e respektvollt Ëmgoen mat de Besoin’en vu Mënsch a  Natur duerchaus eng Erausfuerderung, awer absolut machbar.

Mär beharren och drop, dass de Foussgänger- a Veloswee laanscht d’N31 bestoe bleiwt, an op engem Rond-Point, den fir d’mobilité douce passéierbar bleiwt, dass een nach weiderhin  ouni Ëmwee op Betebuerg kënnt, sou wéi den deemolege Buergermeeschter Alex Bodry et de 4. Abrël 2014 anl. der öffentlëcher Virstellung vun der PAG-Ännerung et och vun de Vertrieder vu P&CH. verlaangt huet. Et gi genuch Beispiller am Ausland, wou dat geet.

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.