Entrevue mam Diddelenger Schëfferot Mëttwoch, den 23.März 2016

An déier Entrevue wäerte mer virun allem probéiren déi Gemengeresponsabel vun eiser d’Vue betr. der Entrée Nord vun Diddeleng z’iwwerzeegen, an zesumme mat hinnen d’ Onzoulänglechkeete vun der regionaler Verkéiersetude déi am November 2015 virgestallt gouf, opzedecken. Ënnendrënner a Kuerzfassung déi 7 Punkten aus der Etude, mat deene mer eis net kënne averstanen erklären an Alternativen virschloen:

  1. d’Bamallee erhalen op der N31 an domat déi 2-spuereg Strooss mat Foussgänger- a Veloswee doniewt bäibehalen; kee 4-spueregen Boulevard bauen
  2. de Rond-Point bei der Kräizung Ribeschpont/Q8, deen an de Spëtzeverkéiersstonne gudd fonktionéiert erhale
  3. de neie Mega Rond-Point « échangeur de Burange  » fir Mobilité douce passéierbar maachen, an domat di direkt Verbindung Diddeleng-Betebuerg konservéiren
  4. d’Verbindungsstrooss vun der Näertzengerstrooss net duerch d’Wunnsiedlung Soibelkaul féiren, mee laanscht den Autobunnsdamm vun der A13 via LNS direkt an de neien échangeur de Burange leeden
  5. de poids-lourd Verkéier vum Centre Routier Sécurisé (CRS) direkt iwwert e by-pass op dem Terrain vum CFL Multimodal op den échangeur de Burange leeden, a net iwwert d’Kräizung beim neie CACTUS op déi iwwerlaaschten N31
  6. d’Bierenger Barrière erhalen,(an evt mat engem tramähnlechen Schinnenvehikel, dee keng Barrière brauch op Betebuerg fueren) keng nei Stëchstrooss vun der N31 aus iwwert d’Schinnen bauen, fir duerno an der rue du Nord erauszekommen, déi an dem Fall vun enger Wunn- a Spillstrooss zu enger Erschléissungsstroos vum Quartier mutéiert
  7. nei Attraktiounen laanscht déi iwwerlaaschten Lëtzebuerger Strooss, wéi z.B. d’Vergréisserung vun der Q8 Tankstell, déi zousätzleche Verkéier schaafft, onbedengt vermeiden

Hei de Link zum genauen Text vun eise Fuerderungen: Fuerderungskatalog

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.