biireng21 en marche commune mat dem Mouvement Ecologique (MECO)

biireng21 huet a sengen Demarchen en Alliéierte fonnt, an zwar de Mouvement Ecologique. De MECO mëcht déi selwecht Analysen a formuléiert déi selwecht Reprochen par rapport zu der regionaler Verkéiersetude. An enger interner Consultatiounsversammlung vu sengen Diddelenger a Betebuerger Memberen huet de MECO och staark urbanistesch Bedenken, wat d’Ersetzen vun de Passages à Niveau bei der Diddelenger Gare, an der Karl Marx-Stroos an an der Jean Jaurès Strooss duerch eng gigantesch Unterführung op der Héicht vun der Gare, resp. dem Kierfecht betrëfft, bei dem déi aktuell Gare a Konschtgalerie géif ofgerappt ginn.  De MECO gesäit éischter en tramähnlecht schinnegebonnent Verkéiersmëttel tëscht Diddeleng a Betebuerg zirkuléiren, wat de Virdeel hätt, dass d’Passages à Niveau duerch normal roud Luten kéinten ersat ginn. De MECO gesäit et och als noutwendeg un, beim geplangten Mega Rond-Point de Burange e Couloir virzegesinn, dass en zukünftegen Tram kann no Westen Richtung Esch ofbéien a weiderfueren.

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.