Conclusiounen aus der Entrevue mat dem Minister Bausch an dem Staatssekretär Gira

Un der Entrevue vum 12. Mee hunn ausser dem Minister Françosi Bausch an dem Staatssekretär Camille Gira nach Leit aus dem MDDI, der Admin. des Pt&Ch., der Admin. de l’Environnement an der CFL, bzw. CFL Multimodal deel geholl. Folgend Aussoe goufen vu Regierungssäit, resp. Administratiounen an CFL gemat:

Pt&Ch.: eng 4-spuereg N31 ass noutwendeg, wann d’Stad Diddeleng an dem Mooss wëll wuessen, wéi et hire PAG ausweist; de Rond-Point bei der Q8 verschwënnt, well en den zousätzleche Verkéier net wäert packen, vun intelligente roude Luuten (LSA) gëtt sech méi erwaart

Minister Bausch: et ginn op kee Fall Beem ofgeholzt, wann d’N31 sollt erweitert ginn, dann ginn d’Beem verplanzt; ausserdem ass d’Regierung net Demandeur fir d’N31 op 4 Spueren z’erweiteren; en tramähnlecht schinnegebonnent Verkéiersmëttel tëscht Diddeleng a Betebuerg kënnt net a Fro, well net ze finanzéiren, dofir gëtt awer d’System vun engem « Bus à Haut Niveau de Service (BHNS) », den op der Trasse vun der Eisebunn kéint verkéieren an enger Etude studéire gelooss;

Chr. Reuter (MDDI – Verantwortlechen fir mobilité douce):Pisten fir Foussgänger a Velosfuerer laanscht d’N31 bis bei de neien Echangeur bleiwe bestoen, mee net doriwwer eraus, et gëtt keng Unterführung fir d’mobilité douce gebaut, par contre ass geplangt, fir d’Velospisten laanscht d’N31 mat der Velospist, déi duerch A. Schweitzerstross a laanscht d’A13 féiert, ze verbannen;

CFL-Multimodal: d’Poids-lourds musse vum Centre Routier Sécurisé iwwert d’N31 op den Echangeur geleet ginn, well op dem Terrain vun CFL Multimodal keng Méiglechkeet besteet e by-pass, den direkt op den Échangeur féiert, ze bauen; mär kréien awer versëchert, dass wéint dem Ubannen vum Container Terminal un den neienEchangeur de Poids-lourd Verkéier op der N31 souguer wäert ofhuelen

Staatssekretär Gira: Miessungen op der N31 (Lëtzebuerger Strooss) hunn erginn, dass néirens den hëchst zoulässege Sockel vun 40 microg/m3 NOx iwwerschratt ginn

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.