Pt&Ch. huet 22 Beem marquéiert fir ofzeholzen

plan échangeur avec arbres marqués N31Laanscht d’N31 huet Pt&Ch. Enn Mee 22 Beem bis op d’Héicht vun dem Reewaasseropfangbecken niewent der Entrée vum Staatslabo mat engem rosa Punkt marquéiert. Vu dass mer bei eiser Reunion beim Minister vum MDDI François Bausch den 12. Mee 2016 versëchert kruten, et wieren nach keng Autorisatiounen ugefrot fir Beem laanscht d’N31 ofzeholzen hu mer natierlech nogefrot.                                             Pt&Ch. maachen deen subtilen Ënnerscheed tëscht Beem ofholzen am Kader vum Ausbau vum Echangeur, resp. am Kader vun der Verbreederung vun der N31, hei wier et op Basis vum 1. genannten Grond, mee d’Resultat ass am Endeffekt dee selwechten: d’Lannenallee gëtt deziméiert, an d’Beem froen net dofir firwat se ëmgeluet ginn.

biireng21 wiert sech, dass d’Lannenallee laanscht d’N31 soll ofgeholzt ginn, egal wat de Grond ass. De Plang vum neien riesegen Echangeur de Burange uewen driwwer weist genau aus, dass déi marquéiert Beem net op dem Emplacement vum Echangeur stinn, mee ganz kloer schon Bestanddeel vun der Lannenallee sinn. Mär hunn de Kahlschlag am Januar a Februar vun de Beem an den Hecken op dem Emplacement vum neien Echangeur als noutwendegt Iwwel acceptéiert, mee hei soe mer awer ganz kloer: « D’Beem an der Lannenallee bleiwe stoen! »

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.