biireng21 trëfft sech e Mëttwoch, den 8. Juni um 5 Auer Nomëttes um Bauerenhaff an der Albert Schweitzerstrooss fir Häerzer aus Holz ze bastelen. Mär schneiden se aus, beschrëften se mat eise Fuerderungen, a ginn déi Häerzer de Samschden de Moien um halwer 10 un déi Beem laanscht N31 ophänken (Oppassen den Termin fir d’Häerzer opzehänken ass em 1 Woch verluecht ginn!!!!!), fir drop hinzeweisen, dass eis eis Bamallee am Agang vun Diddeleng um Häerz läit. Jidfer Diddelenger Awunner, dee sech géint en Ofholzen vun der Lannenallee an der Entrée vun Diddeleng ausschwätzt, an en Zeechen wëll setzen, ass häerzlech invitéiert, fir sech un der Bastelaktioun de Mëttwoch de Mëtteg (8. Juni) um 5 an der Schweitzerstrooss, resp. un der Aktioun fir d’Häerzer laanscht d’N31 de Samschden de Moien 11. Juni opzehänken ze goen, matzemaachen. – Kucke mer mol wéi laang Pt&Ch. d’Häerzer un de Beem wäert hänke loossen! –
Commentaires récents
- Laurent Besch dans Dokumenter
- Alex Christoffel dans Eis Fuerderungen
- Romain Bouschet dans Eis Fuerderungen
- Jean-Jacques Muller dans Eis Fuerderungen
- Romain Bouschet, architecte dans Eis Fuerderungen
Méta