Aktioun  » en Häerz fir eis Lannenallee » 18. Juni 2016

tageblatt 09-06-2016 biireng21 rüstet auf -Häerzer bastelenLW 18-06-2016 – Allee statt Holzweg

Am Artikel am LW vum 18.Juni 2016 betr. eis Aktioun huet d’Pressespriecherin vum MDDI an hirer Stellungnahm vu falschen Interpretatiounen an der Kommunikatioun tëscht biireng21 an dem Minister Bausch, bzw. dem Staatssekretär Gira anl. eiser Entrevue vum 12.Mee 2016 geschwat. Mär wëlle just ënnersträichen, dass mer net vun der Heck gepléckt sinn, a wuel à même sinn en Ënnerscheed tëscht dem Bau vum neien Echangeur an enger Etude, déi den Ausbau vun der N31 op 4 Spueren virgesäit,  ze maachen.

Allerdéngs berout eis Aktioun dorop, dass Pt&Ch. kuerz no eiser Entrevue um Ministère 22 Beem (15 op der Säit vum LNS – bis bei d’Reenopfangbecken a Richtung Diddeleng a 7 op der Säit vun der Maison Mailliet) marquéiert huet, déi fir de Bau vum Echangeur sollen ewech kommen – wat mär iwwregens och vun der Administratioun confirméiert kruten –  mär awer der Meenung sinn, dass den Emplacement vum Echangeur en Ofholzen bis hannert den LNS net rechtfertegt.

biireng21 ass der Meenung, dass déi Unzuel u Beem, déi fir de neien Echangeur sollen ofgeholzt ginn masslos iwwerdriwwen ass (all ofgeholztene Bam vun der Allee ass een ze vill), an tatsächlech sot d’Pressespriecherin, dass hëchstens 8 bis 10 Beem ewech kéimen, an dass probéiert géif se ëmzeplanzen. Mär sinn iwwerzeegt, dass de Redressement vun deem Chiffer no ënnen op Drock vun eiser Aktioun hi geschitt ass.

Iwwregens hu mer de samschden de Moien während dem Ophänke vun den Häerzer laanscht d’N31 spontan eng ganz Rëtsch Ënnerstëtzungstémoignagen vu Passanten an och Autofuerer krut.

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.