Repliquen vu biireng21 op d’Aussoen vum Diddelenger Schëfferot am LW vum 18.06.2016 « Allee statt Holzweg »

http://biireng21.lu/wp-content/uploads/2016/06/LW-18-06-2016-Allee-statt-Holzweg.pdf

betr. der Ausso vum Claudia Dall’Agnol zu dem Ausbau vun der N31 an e 4-spuerege Boulevard am Agang vun Diddeleng:

biireng21 ass der Meenung, dass e 4-spuerege Boulevard am Agang vun Diddeleng enger Stadt-Autobunn net wäit aus de Féiss geet, an d’Doudesurdeel fir d’Bamallee bedeit, och fir d’mobilité douce z’assuréiren bleiwt keng Plaz, well de Staat keng Emprise op Terrain laanscht eng 4-spuereg N31 huet, resp. Gebäier an Häiser direkt un der N31 stinn.

D’Lannenallee ass net just eng ästhetesch Landmark, déi d’Entrée vun Diddeleng charakteriséiert a verschéinert, déi aal Beem erfëllen och eng Filterfunktioun a verhënneren, dass ze vill Stéckoxyden a Feinstaubpartikel Richtung Wunnvéirel geblose ginn; ausserdem wierkt d’Allee als Geschwindegkeetsreduzéirer, an hirt Verschwannen wär en onwiderruffleche Schued; biireng21 ass der Meenung, dass zousätzleche Verkéier, den duerch dat geplangte Véirel Helper entsteet op parallel Achsen Richtung  Echangeur soll geleet ginn, a net iwwert zousätzlech Pisten op der N31

betr. der Ausso vun der Mme Dall’Agnol zum geplangte Verschwannen vun der Bierenger Barrière

biireng21 schléit als Alternativ zum Zuch den BHNS (bus à haut niveau de service) tëscht Diddeleng a Betebuerg vir, den op dem Trajet vum Zuch géif verkéiren, keng Barrière bréicht, mee mat normale roude Luten vum Individualverkéier getrennt kéint ginn; de Virdeel wier, dass keng nei Stëchstroos duerch d’rue du Nord an iwwert d’Bierenger Duerfplaz gebaut misst ginn;eng Erhéijung vum Takt vun engem BHNS bedeit an dem Fall also net, dass d’Barrière nach méi oft zou ass, wéi momentan, an de Verkéier sech net géif  stauen; e BHNS als Alternativ zum Zuch bedeit och, dass keng Iwwerhuelgleiser musse gebaut ginn (weder zu Biereng nach an der Thionviller Strooss) an dass déi aus urbanistescher Vue verwerflech Unterführung tëscht Kierfecht an « Hild », déier ausserdem d’Diddelenger Gare géif zum Opfer falen, keen Thema méi wier

de Ministère (MDDI) huet iwwregens eng Etude ausschaffe gelooss, wéi en BHNS fir de ganze Minett kéint agesat ginn, sou dass déi Alternativ net einfach aus der Loft gegraff ass; d’Betebuerger Gare gëtt och mëttelfristeg moderniséiert, sou dass en Emsteigen zu Betebuerg an de Stater Zuch problemlos méiglech wäert ginn

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.