Réunioun mam Minister Bausch an dem Diddelenger Schëfferot de 4. Juli 2016

D’Reunioun um MDDI war extrem opschlussräisch, net zer läscht dowéinst, well déi verschidden Delegatiounen vu villen Expert’en encadréiert waren, déi op eis präzis Froen konnten agoen.

De Minister Fr. Bausch hat z.B. den Direkter adj. vun der Pt& Ch., den Här Roland Fox dobäi

Den Diddelenger Schëfferot, dee vollzähleg (Biancalana – Manderscheid – Dall Agnol – Spina)  ugetruede war, war vun der Mme  Ch. Zeyen, vum Bureau Zeyen&Baumann, den de PAG ausschafft, begleet, ausserdem mat vun der Parti war den Här Romain Molitor – Verkéiersexpert a Beroder vun der Gemeng vum Wiener Bureau komobile, d’Mme Christine Muller, Architektin an Urbanistin vum Bureau Dewey-Muller, den de Masterplang vum PAP Helper ausschafft, net ze vergiessen d’Architektin vun der Gemeng d’Mme Cathy Mambourg, an den Här Tom Schroeder vum Service Technique vun der Gemeng.

Als absolut positiv bewerte mär de Fait,

  1. dass den Här Minister der P&Ch. als Optrag ginn huet d’Machbarkeet vun enger Stëchstrooss vun der Näertzenger Strooss aus laanscht d’A13 direkt op den Echangeur de Burange z’ënnersichen
  2. dass bis op weideres d’Kräizung beim neie Lidl vum Dësch ass, d.h. keng Weiderféirung vun der Zoufahrt Lidl laanscht d’Wunnsiedlung Soibelkaul bis op d’Näertzenger Stroos,
  3. vum Dësch ass och déi  nei Strooss vun der besotener Kräizung aus iwwert d’Eisebunnschinnen  Richtung rue du Nord fir en evt geplangte Verschwannen vun der Birenger Barrière ze kompenséiren
  4. au contraire hunn d’Mme Christine Muller an den Här Romain Molitor vum Diddelenger Schëfferot den Optrag kruten, d’Machbarkeet vun enger Unterführung op der Héicht vun der aktueller Barrière/rue de Burange fir de PAP Helper  z’erschléissen z’ënnersichen
  5. dass keen Ofholzen vun der Lannenallee virgesinn ass, fir d’N31 op 4 Spueren ze vergréisseren, dass wann eng Verbreederung vun der N31 usteet, d’Lannenallee erhale bleiwt; fir de Moment mussen maximal 8 Beem ofgeholzt, resp. ëmgeplanzt ginn fir den Echangeur de Burange ze bauen; mär froen eis zwar wéi eng evt Verbreederung vun der N31 soll vustatte goen ouni mussen d’Beem ofzeholzen

 

 

 

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.