D’Positioun vu biireng21 par rapport vum Diddl. Buergermeeschter sengen Aussoen am LW Interview vu Juli 2016

Interview D. Biancalana LW 09-07-2016

« Man muss den Stadteingang spüren », eng Ausso vum D. Biancalan, déi biireng21 mat zwou Hänn kann ënnerschreiwen, a wéi kann een de Stadagang besser spieren, wéi mat enger Landmark wéi der bekannter Lannenallee, e Bléckfang mat Traditioun.

dem Plang zufolge gëtt d'N31 verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis 8 Beem ofzeholzen

dem Plang zufolge gëtt d’N31 verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis 8 Beem ofzeholzen

Mat der geplangter Gewerbezon PAP Helper, an dem Ëmfang wéi se virgesinn ass, kënne mer eis allerdéngs net averstanen erklären. Besonnesch mat dem Deel vum PAP Helper, den op der lénker Säit (wann een an Diddeleng erafiert) soll entstoen.

Als Erënnerung: et sinn an de läschte Méint 33 ha  Wisen an Aacker fir d’Konstruktioun vun CFL Multimodal zoubetonéiert ginn. Dat villt Versiegelen vun oppene Bieden ass  e gewiichtege Faktor, matverantwortlech fir déi rezent Héichwaasser. D’Verschwanne vu Gréngland ka net an dem Mooss weidergoen!  Dat ass ee vun de Grënn firwat mer net averstane sinn, dass e PAP lénkssäiteg vun der N31 soll entstoen, an domat all déi Wisen am Agang vun Diddeleng tëscht der N31 an der Eisebunnslinn solle versigelt ginn.

Ausserdem fäerte mer, dass, wann déi nei Gewerbezon bis steet, de Siedlungsdrock, op der anerer Säit vun der Eisebunn monter weider geet, d.h. dass dann och rue du Nord, rue Henri Dunant, rue Albert Schweitzer, wou nach vill Gréngland ass, op eemol attraktiv a vill méi accessibel sinn, an dem Siedlungsdrock musse noginn. Besonnesch d’Optioun vun enger Überführung iwwert d’Eisebunnslinn (bedingt duerch d’Ewechfalen vun der Birenger Barrière), déi direkt vun der N31 aus, do wou de Lidl soll entstoen, hannen an der rue du Nord erauskënnt mëcht de Quartier Bireng vill méi accessibel an domat interessant fir Gewerbe an Industrie. Dofir wëlle mer, dass sech de PAP Helper op déi riets Säit, d.h. op d’Säit vum Staatslabo an dem zukünftege Lidl beschränkt. Mär hoffen, dass d’Gemeng nom Ewechfalen vun der Birenger Barrière déi aner Optioun, an dat ass déi vun enger Unterführung bei dem aktuelle Passage à niveau zréckbehält.

Dass e Bedarf vun engem zousätzlechen Gewerbegebidd wéint der Nofro vu lokale Betrieber besteet, dat stelle mär net a Fro, mee et ginn nach aner Optiounen. Sou kéint een Deel vun de nationalen Industriegebidder op Diddelenger Terrain, wou zënter Joerzéngten grouss Flächen brooch leien (Riedgen) am Kader vun der Nobesserung vun de plans sectoriels a kommunal Gewerbegebidder ëmklasséiert ginn, anstatt nees op der grénger Wiss Betrieber unzesiedelen.

Mär stellen och a Fro, dass de neien Discounter Lidl vun der N31 aus soll fir den Autos- a Camionsverkéier accessibel gemat gëtt (dat bedéngt eng Kräizung mat e.a. Linksabbieger,  an domat eng Verbreederung vun der N31 op Käschte vun de Beem), mee mär plädéiren fir en Anschluss vum PAP Helper op der rietser Säit (inklus. Lidl) direkt iwwert de neie Mega-Rondpoint. De Minister Fr. Bausch huet versprach, dass déi Optioun vu Pt&Ch. studéiert gëtt.

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.