Diddelenger Baach – wat leeft falsch bei Uferplantatioun an der Baachrenaturéirung

N A C H H E R : den Zoustand vun der chêneraie am August 2016

CFL Multimodal krut als Oplag fir däerfen 33 ha Felder a Wisen ronderem d’Diddelenger Baach (dat entsprëcht ongeféier 40 Fussballterrain’en) am Kader vum Amenagement vun hirem neien Containerterminal zouzebetonéiren, vum Nohaltegkeetsministère Kompensatiounsmoossnahmen operluecht.

V O R H E R : Planzung am Fréijoer 2016

N A C H H E R : déi jonk Setzlingen – verdrëschent an z. D. vun engem Bagger platt gewalzt (August 2016)

Dat war engersäits d’Renaturéirung vum Laf vun der Diddelenger Baach op enger Längt vun ronn 400 m (wat net grad ëmwerfend ass) tëscht der rue du Nord an dem Autobunnsdamm vun der A13 an anerersäits d’Uplanzen vun engem Bëschelchen an der Wiss tëscht dem 400 m laangen Baachlaf an dem Feldwee (Fortsetzung vun der A. Schweitzerstr.)

Déi Kompensatioun ass no engem Schlëssel vu Punkten a Koeffizienten ausgerechnet ginn, fir d’Ëmweltvaleur vun enger zone verte Landschaft déi versiegelt ginn ass tant soit peu z’ersetzen, domat kann een d’accord sinn oder och net, mee dat steet sou am Gesetz.

Déi Kompensatioun ass am Laf vum Joer 2016 realiséiert ginn, net ganz optimal, mee passons-en. Wat mir bemängelen, ass den Zoustand an dem sech aktuell d’chêneraie befënnt (Fotoen ei niewendrun), mee kuckt Iech am beschte selwer an dem Reportage vum Journal vun rtl un, wat schief leeft:

http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3073083.html

ronn d’Halschent vun de Bamsetzlingen (mär hätten eis gewënscht et wäre méi grouss Beem gesat ginn, fir déi Johonnert al ofgeholzte Beem z’ersetzen, mee soit, d’Administration de la Nature et des Forêts huet dat fir gudd gehalen) ass verdrëschent, resp. si bei Arbechten vum Bagger platt gefuer ginn; d’Onkraut steet meterhéich an droht déi reschtlech Setzlingen z’erstécken; wann een sech bewoss ass, wéi laang sou e Beemche brauch fir zu engem Bam erunzewuessen, sou ass et lamentabel, déi Plantatioun sou verkommen ze loossen, obwuel öffentlech op dee Mëssstand higewise gouf. D’CFL huet och an dem Reportage soe gelooss, si géif eng Privatfirma mat de néidegen Arbechtenbeoptragen.

Elo setzt d’Zäit vum Buedemfrascht an, an domat ass déi gudd Period fir déi futtis Setzlingen z’ersetzen eriwwer. Déi ane Säit vum Autobunnsdamm gesäit een, wéi mat Suergfalt déi nei multimodal Platttform gebaut gëtt. Et misst an eisen Aen eigentlech selbstverständlech sinn, dass de Bauhär, also CFL Multimodal bei de Naturkompensatiounsmoosnahmen déiselwecht Sorgfalt walte léisst.

 

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.