e Succès fir biireng21 – den Environnement verweigert d’Ofholzen vun de 4 Beem aus der Allee laanscht d’N31

biireng21 huet eng Äntwert op seng Opfuerderung un d’Emweltministerin kritt, fir déi 4 Beem laanscht d’N31 NET ofzeholzen, sondern den Discounter LIDL vun hannen unzefueren, anstatt iwwert déi sws total iwwerlaaschten N31

Den Här Camille Gira, Staatssekretär am MDDI huet geschriwwen, dass hien der Meenung ass, dass d’Bamallee absolut vital ass, wichteg Fonktiounen erfëllt an aktuell kee Grond besteet eng Autorisatioun fir ofzeholzen ze erdeelen. Hie fuerdert d’Gemeng op en zesummenhängende Konzept vum ganze Beräich ronderem d’Nordentrée vun der Stad Diddeleng  am Kader vum neie PAG eranzereechen, anstatt drëppchersweis fir eenzel PAP Autorisatiounen unzefroen.

Déi Äntwert bedeit zwar, dass aktuell keng Beem ofgeholzt ginn, mee leider ass et just en Opschub, vu dass mer wëssen, dass den aktuellen Schëfferot am neie PAG eng zousätzlech Gewerbezon « Helper » op der Säit vun der Garage Kaufmann plangt. All zousätzlech Aktivitéiten am Beräich vum Nordagang vun der Stad Diddeleng, déi hiren Accès iwwert d’N31  kréien, an domat de Verkéier op déier Staatsstrooss uwuesse doen,  bedeiten, dass d’Pt&Ch. sech an der Pflicht gesäit, d’Staatsstrooss op 4 Spueren ze vergréisseren, wat den Aus fir 38 Beem vun der aktueller Allee bedeit.

biireng21 fuerdert dofir am neie PAG vun der Stad Diddeleng keng weider Aktivitéitszon op der Säit vun der Garage Kaufmann virzegesinn, mee dee Beräich als zone verte ze klasséiren. biireng21 schléit als Ersatz eng deelweis Emklasséirung vun der nationaler Industriezon « Riedgen », déi zu engem groussen Deel zënter Joerzéngten brooch läit, an eng kommunal Aktivitéitszon vir.

 

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.