Verkéier

étude régionale de trafic Bettembourg-Dudelange

An dem 107 décke pdf Dossier, den den 19. November 2015 an der Präsenz vum Minister François Bausch am LNBD virgestallt ginn ass, ginn all d’Projet’en opgelëscht, di bis 2024 (an z.D. doriwwer eraus) am Raum Diddeleng-Betebuerg am Domaine Verkéier geplangt sinn, ob dat elo öffentlechen Transport, Autosverkéier oder « mobilité douce » ass. Fir di Projet’e ëmzesetzen huet de Staat wëlles ronn 370 Mio Euro an d’Hand ze huelen. De But vun der Etude ass de Verkéier an, resp. tëscht Diddeleng a Betebuerg sou ze gestalten, dass di 2 Uertschaften net am Verkéier erstécken. Et sinn eng Parti gudd Usätz an der Etude, di op ville Pläng Ännerungen virgesäit.

Sou sinn e.a. en Thema: d’Ewechfalen vun de Barrièren (+Ënnerführungen) am Duerf, e « shared space » am Zentrum vun Diddeleng, de Mega Verdeelerkrees « Echangeur de Burange »,  zwee Iwwerhuelgleiser op der Streck Betebuerg-Diddeleng, d’Entstoen vun engem PAP « Helper » zu Biereng an och eng total Ëmgestaltung vun der N31 (Lëtzebuerger Strooss) vum Echangeur de Burange un bis bei d’Q8 um aktuelle Rond-Point am Agang vun Diddeleng.

D’Biergerinitiative biireng21 huet di regional Verkéiersetude op de Leescht geholl, huet eng ganz Parti Umierkungen gemat – positiver awer och negativer, an doropshin dem Diddelenger Schëfferot, an dem Minister vum MDDI, resp. der Emweltministerin e Bréiw geschriwwen, an dem se eng Entrevue ugefrot, an hir Matarbecht ugebueden huet.

Besonnesch mat der Ëmgestaltung vun der N31 kënne mer net d’accord sinn. Sou ass z.B. geplangt, d’Strooss op 4 Pisten ze vergréisseren, wat implizit bedeit, dass déi aktuell Bamallee ofgeholzt muss ginn. Wann ee weess, dass d’Belaaschtung vun Feinstaubpartikelen an NOx un sou Verkéiersachsen immens héich ass, dann ass et absolut kontraproduktiv Beem, di eng Filterfonktioun hunn ewech ze maachen.

Mär si gespant, wat d’Emweltministesch, resp. de Minister vun der MDDI dozou ze soen hunn.