Diddelenger Baach

Baach vue Richtung A13Baach+doudegen Aarm deelrenaturéiertchêneraie mat am Hannergrond LNS + A13chêneraie laanscht BaachbbPlang Renaturéirung Abschn. Diddl. BaachDen Deel Diddlenger Baach südlech vun der A13 ass fäerdeg renaturéiert – à première vue alles an der Rei, an et ass iwweraus positiv, dass d’Kompensierungsmoosnahmen synchron mat der Naturzerstéirung geschitt sinn. Allerdings:

De MouvEco Süden hat der Emweltministesch Mme Dieschbourg de 25. August 2015 e Bréif geschriwwen, wou en drop higewisen huet, dass d’Renaturéirung net selon les règles de l’art géif stattfannen. Et wier net variatiounsräich genuch, an et géif ze vill mat Riichtschnouer geschaff ginn an dat Ganzt géif un e Kanal erënneren – et si Verbesserungsvirschléi gemat ginn, et gouf eng Begehung an der Präsenz vu Leit vum Waasserwirtschaftsamt proposéiert – de Bagger war dee Moment nach op der Plaz, an et wier einfach gewiescht nozebesseren.

Bis haut keng Äntwert vun Regierungssäit, net mol en Accusé de réception – gesäit sou di vill beschwuere Partizipatioun aus? Dat hannerléis dach e battere Bäigeschmaach.

Leider sinn och di Fotoën ënnendrënner Wierklechkeet. E groussen Deel vun der Baach geet duerch Réier – ganz kloer eng Verschlechterung, wat déi europäesch Waasserahmenrichtlinn eigentlech verbidd a mär froen eis ob d’aquatesch Duerchlässegkeet bis bei d’Uelzecht zu Betebuerg doduerch net hypothekéiert ass. Mär krute versëchert, dass d’Réier mat Sedimenter ausgeluecht géife ginn – mär géifen eis gäre versëcheren, dass dat och geschitt ass. Expertën hunn d’Propose gemat, fir d’Réier op ënnerscheedlech Niveauën ze leeën, fir se och fir Amphibien duerchlässeg ze maachen. Dat ass mat Sëcherheet net geschitt.

d'Baach a rieseg Réier1d'Baach a rieseg Réier 2d'Baach a rieseg Réier3Baach à ciel ouvert laanscht Eisebunnslinn2Hei eng Foto aus dem Zuch op den Deel wou d’Baach nees à ciel ouvert leeft. Hei haten Expertë proposéiert d’Bergen ënnerschiddlech ze gestalten:  di eng Berge ganz géi (schluchtähnlech) ze gestalten, fir op der anerer Berge Plaz ze wannen an se ganz flaach kënnen ze gestalten. Wat ass dobäi rauskomm? E Kanal mat op den 2 Säiten nämmlecht géi Uwänner wat den Accès fir d’Déiren bei d’Baach, resp. aus der Baach eraus bal onméiglech mëcht.