Biller

ansicht-baach-august-2016-toilettepab

laanscht de Laf vun de ronn 400 m renaturéierten Deel vun der Diddl. Baach si Fatze vun Toilettepabeier an aner Fatze Babeier un den Uwänner ze gesinn – eigentlech soll d’Schmotzwaasser duerch de Kollekter, dee nei op dem Site verluet gouf an d’Kläranlag op Betebuerg geleet ginn a net an d’Baach ; wat ass hei schief gelaf?

um Areal wou Beemsetzlinge geplanzt goufen, fir den ëmgeholztene Bësch, den dem Multimodalen Terminal zum Opfer gefall ass ze kompenséiren, si vill Setzlingen wéint dem drëchenen Summer agaangen, resp. vun Aarbechtsmaschinnen platt gefuer ginn – och do muss CFL am Hierscht nobesseren

um Areal wou Beemsetzlinge geplanzt goufen, fir den ëmgeholztene Bësch, den dem Multimodalen Terminal zum Opfer gefall ass ze kompenséiren, si vill Setzlingen wéint dem drëchenen Summer agaangen, resp. vun Aarbechtsmaschinnen platt gefuer ginn – och do muss CFL am Hierscht nobesseren

kompensatioun-laanscht-diddl-baach-r2-stand-august-2016

op dem Site vun der Baachrenaturéirung, wou am Fréijoer och e Bëschelchen ugebaut ginn ass, si vill Setzlingen verdrëschent – déi mussen am Hierscht onbedéngt ersat ginn, an och d’Kraut muss geméint ginn, dass déi nei Setzlingen net erstécken

dem Plang zufolge gëtt d'N31 verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis 8 Beem ofzeholzen

Dem Plang zufolge gëtt d’N31 do wou de Lidl soll entstoen verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis zu 8 Beem ofzeholzen. biireng21 wiert sech dogéint a schléit vir de Lidl vun hannen iwwert de geplangte PAP Helper niewt dem Staatslabo fir den Autoverkéier z’erschléissen

Bastelaktioun 25-06-2016 r

De Samschden, 25. Juni huet sech biireng21 erneits getraff, fir nei Kalligo’en hierzestellen, nodeems d’Häerzer an di al Kalligoen vu Pt&Ch. laansch d’N31 ewechgerappt goufen, ouni se dem Hiersteller ze restituéiren.

Häerzer ophänken 18-06-2016 Eenzelaktivist Ley

Ee vun den Aktivisten vu biireng21 voll konzentréiert bei der Saach.

Nei Kalligoen 25-06-2016 r

Nodems Pt&Ch. eis Kalligo’en an eis Häerzer laanscht d’N31 ewechgeholl huet, hu mer nei Kalligo’e gemolt, déi mer nees op strategesch Plazen ophänken. D’Kalligoen, déi ouni Virwarnung vun der Pt&Ch. un de Privathecken vun den Häiser Mailliet a Breininger erofgeholl goufen, hätte gudd kéinten vun der Administratioun an den erwähnten Häiser hannerluecht ginn.

D’Memberen vu biireng21 konzentréiert um Wierk.

 

IMG_4793

Den 18. Juni huet eng Equipe vu biireng21 déi gebastelt Häerzer un d’Lannen laanscht d’N31 gestréckt.

De Wegener Ren, deen biireng21 seng Scheier zur Verfügung gestallt huet, pakt selwer eng Hand mat un.

IMG_4820

Ee vun de Beem, déi no beim Echangeur stinn, an déi laut Pressespriecherin vum Ministère mussen ewech – mär halen drop dass dat duerch Ëmplanze geschitt a net duerch ofholzen!

 

entrée Diddeleng Lannenallee

Sou gesäit d’N31 op der Héicht vum ALDI aktuell aus, eng Lannenallee, riets a lénks vun der Strooss e Fouss-, bzw. Veloswee – mee wéi laang nach? Mat der Realisatioun vun der regionaler Verkéiersetude soll et e 4-spuerege Boulevard ginn, sou dass d’Beem verschwanne mussen. Et geet och anescht!! siehe Entrée Esch

Memberen vu biireng21 beim Bastelen vun den Häerzer an der Scheier vum Bauerenhaff an der Schweitzerstroos den 8. Juni 2016

Bamallee Fréijoer + Kalligo revisited2

D’Lannenalle am Fréijoer a voller Pracht. Ausser dem ästheschen Aspekt bréngt déi schmuel Allee och e Geschwindegkeet reduzéirenden Aspekt mat sech. E 4-spuerege Boulevard ass eng potentiell Rennpist, besonnesch nuets.

SONY DSC

Eng Parti Beem laanscht d’N31 goufen an de läschte Wochen ofgeholzt: do wou d’Arbechten um Mega Verdeelerkrees « échangeur de Burange » geschwënn ufänken, an am Agank vu Betebuerg, do wou de neie CACTUS entsteet – mär wieren eis fir dass net dat Selwecht mat der Lannenallee am Agank vun Diddeleng geschitt!

Foetz 4-spuerege Boulevard r

Sou kéint d’Entrée vun Diddeleng gemäss der regionaler Verkéiersetude ausgesinn: anstatt enger Bamallee, e 4-spuerege Boulevard mat enger Sträif mat Beem an der Mëtt, den andauernd ënnerbrach ass, wéint de Lénksabbieger

 

Plang vun der Vergréisserung vun der Q8 Bild uewen aktuell Situatioun Bild ënnen: Projet mat 6 Pompelen a Superette op terrain ancien Sfredda Kommodo-Prozedur Februar 201

 

 

 

sortie Esch A3

Sou gesäit d’Entrée vun Esch aus, wann een vun der A4 kënnt. Eng Bamallee als Visitekaart vun der 2. gréisster lëtzebuergescher Stad – och dat geet!

Baach+doudegen Aarm deelrenaturéiert

Vue op d’Bett vun der Diddelenger Baach mat dem doudegen Aarm; am Hannergrond de Chantier op der A13

 

 

d'Baach a rieseg Réier1

duerch sou Kollekterréier gëtt d’Baach ënnert dem Autobunnsdamm vun der A13 duerchgeleet; et solle nach Sedimenter an de Fong vum Kollekter kommen, fir d’Fliessgeschwindegkeet vun der Baach erofzesetzen; alles an allem fanne mär dass et eng Verschlechterung vun der fréierer Situatioun duerstellt, eppes wat déi europäesch Wasserrahmenrichtlinie eigentlech verbidd!!

 

Plang Renaturéirung Abschn. Diddl. Baach

de Plang vun der Verlee’ung vun der Diddelenger Baach mat de verschiddenen Tranchen: déi klengsten Tranche südlech vun der A13 (+/- 350 m) ass renaturéiert, dono ofwiesselnd à ciel ouvert, resp. gedeckelt op dem Areal vun der multimodaler Plattform; leider eng Zort Kanal, wou déi aquatesch an amphibesch Permabilitéit bis bei d’Uelzecht zu Betebuerg staark hypothekéiert ass

 

 

Baach à ciel ouvert laanscht Eisebunnslinn2

Vue aus dem Zuch Betebuerg-Diddeleng op en Deel à ciel ouvert vum Diddelenger Baachbett op dem Areal vun der multimodale Plattform; leider erënnert den Deel Baach un e Kanal

 

chêneraie laanscht Baach

Vue op déi nei geplanzten Eechebeemecher niewent dem renaturéierte Laf vun der Diddelenger Baach; am Hannergrond d’Baukrän vum Chantier vun der multimodaler Plattform

SONY DSC

Et goufe dës Kéier – Februar 2016 keng 100-jähreg Beem beim Verdeelerkrees ofgeholzt wéi virun 3 Joer laanscht d’Baach am Optrag vun CFL Multimodal, mee et freet een sech, ob et net méiglech wier, d’Beem mat de Wuerzelballen auszgruewen, an an enger Bamschoul tëschenzelageren, wéi et mat de Beem an der Schefferallee an der Stad geschitt.

IMG_0145

Affichen laanscht d’N31 (Fréijoer/Summer2014) wou mer op e signifikant Zouhuelen vum Verkéier bedingt duerch CFL Multimodal an Eurohub hiweisen

100-jähreg Pëppelen an Eechen goufen an engem radikale Kalhlschlag kuerz virum Fréijoer 2013 laanscht den ale Baachlaf ofgeholzt – firwat net an e puer Phasen, besonnesch well de ganze Summer 2013 duerch näischt um Site passéiert ass!

Traveler   Traveler

Enquête publique 12-2011

D’Enquête Publique gouf ëm de Joreswiessel 2011/12 gemat,
wou d’Leit mat de Fester vum Joresenn beschäftegt waren-
ein Schelm, der Böses dabei denkt

 

Traveler Traveler    2013-03-31_19-34-42_432   2013-03-07_17-33-18_658 2013-03-07_17-32-54_40 2013-03-07_17-32-29_895  2013-03-06_15-56-02_270 2013-03-06_15-55-21_727  2013-03-06_15-53-11_345 2013-03-06_15-52-58_239

Une réponse à Biller

  1. Alexandra Matgen dit :

    Gutt, dass ët Äer Initiativ gëtt!

    Alexandra Matgen,
    Diddeleng-Butschebuerg

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *