Eis Fuerderungen

eis Fuerderung un d’CFL Multimodal als Bauträger vun der multimodaler Plattform Betebuerg/Diddeleng an un de Minister vun der Nohalteger Entwecklung, den Infrastrukturen an dem Transport, dem Här François Bausch am Kader vun der Realisatioun vum Bauprojet:

biireng21 fuerdert, dass de Poids-Lourds Verkéier deen de Centre Routier Sécurisé (CRS) verléisst, direkt, ouni Ëmwee vun 1 km iwwert d’N31 op den échangeur de Burange geleet gëtt; d’CFL Multimodal muss e by-pass op hirem Terrain bauen, fir ze verhënneren, dass déi sëlleche Poids-Lourds iwwert d’Kräizung beim neie CACTUS fir d’éischt op déi iwwerbeansprucht N31 geleet ginn, an do zu dem alldäglechen Stau bäidroen; d’CFL Multimodal zitt sech ze vill einfach aus der Verantwortung, a gëtt den zousätzleche Verkéier einfach un den öffentlechen Stroossereseau of, anstatt proakiv no enger Solutioun ze sichen, an den ëmmer rëm vun hinnen héich gehalene Prinzip ze respektéiren, dass se  » den inner- an zwëschestädteschen Stroossereseau net mat dem vun hinnen generéierte Verkéier belaaschten« ; de Minister Bausch, dee vu biireng21 an d’Bild gesat gouf, muss an déier Fro onbedéngt e Machtwuert schwätzen!

 

eis Fuerderung u P&CH., den Diddl. Schëffen- a Gemengerot an den MDDI am Kontext vun der Ëmgestaltung vum échangeur de Burange, resp. der Nordentrée vun der Stad Diddeleng:

  • biireng21 fuerdert, dass d’N31 als 2-spuereg Strooss mat Lannebamallee + Fousgänger/Veloswee bestoe bleiwt a net an e 4-spuerege Boulevard ëmgebaut gëtt, wou d’Beem ofgeholzt ginn, a fir d’mobilité douce keng Plaz méi bleiwt; wa schon den échangeur de Burange als Mega Rond-Point ausgebaut gëtt (wou mer nach wie vor der Meenung sinn, dass et besser Alternative gëtt), da soll dat gemäss de Pläng geschéien, déi der Diddelenger Bevölkerung op enger öffentlecher Sitzung am Abrël 2014 vun dem Chefingenieur vu P&CH. Roland Fox am Beisein vun de Regierungsmemberen Minister François Bausch a Staatssekretär Camille Gira  virgestallt gi sinn, d.h. mat enger N31 di vun Diddeleng aus kommend 2-spuereg an de neien échangeur geleet gëtt; desweitere besti mer drop, dass de neien échangeur de Burange sou gebaut gëtt, dass e fir d’mobilité douce duerchlässeg ass, d.h. dass ee nach wie vor z.B. mam Velo op direktem Wee op Betebuerg kënnt
  • biireng21 wëll keng nei Stroos laanscht de Quartier Soibelkaul, di den Beruffstransitverkéier aus dem Käldall vun der Näertzenger Strooss aus op di iwwerbelaascht d’N31 leet; par contre wëlle mer den Transitverkéier ganz aus dem Wunnquartier Soibelkaul eraushalen, a proposéiren als Alternative eng Stëchstrooss vun der Näertzenger Strooss aus laanscht den Autobunnsdamm vun der A13 direkt op den échangeur de Burange (Bretelle vun dem LNS), ze féiren, an de Wunnquartier Soibelkaul guer net méi ze tangéiren
  • biireng21 wëll och keng nei Strooss vun der N31 aus duerch d’Bierenger Wisen an d’rue du Nord, di dann vun enger verkéiersberouegter Tempo 30 Wunnstroos zu enger Erschléissungsachs vum Quartier Bireng ëmgestalt gëtt, just well d’CFL mat dem Gedanke spillt d’Birenger Barrière z’eliminéiren

 

 

 

 

Mir fuerderen (am Kontext mam Bau vun dem Site CFL-Multimodal)

  • dass d’Gesetz vum 29. Mee 2009, besonnesch den Deel wat  d’«étude d’évaluation des incidences sur l’environnement naturel et humain» ubelaangt strengstens beuecht gëtt, an zousätzlech déi ënnen opgezielte Mesuren applizéiert ginn:

 

  •  Mesuren fir eng Kaméidisreduzéirung (natiirlech oder baulech Schallschutzwänn laanscht d’A13 op der Héicht vu Biireng, resp. vis-à-vis vum Südagang vu Betebuerg)
  •  eng  Geschwindegkeetsreduzéirung op der A13 op der Héicht vu Biireng (am Sënn vu manner Kaméidi a manner schlechter Loftqualitéit)
  • dass d’Terrassementsaarbechten op dem Site  réischt ufänken, wann e Rond-Point op der A 13 amenagéiert ginn ass, sou dass d’Camion’e mat den Terrassementsbiedem weder duurch Betebuerg nach Biireng geleed ginn
  • eng Verkéeiersétude, déi d’Verkéiersopkommen en Vue vun dene sëllechen gewerblechen an industrielle Projet’en  tëscht Betebuerg an Diddeleng/Biireng (laanscht d‘N31) ënnersicht, a Propose mëcht fir de negativen Impakt op d’Bevölkerung vu Betebuerg an Diddeleng/Biireng ze miniméiren
  • dass d‘ Kompensatiounsmoossnahmen (z.B.: duurch Opforsten)  synchron mat der Zerstéirung vun der Natur (Kahlschlag) stattfannen
  • dass fir d’Diddelenger Baach eng Solutioun zréckzebehalen, déi d’Natur respektéiert (Zréckverlee’en an dat alt Baachbett) am Sënn vum Gesetz „protection et gestion des eaux“ vum 19. Dezember 2008, dat eng Degradatioun vum Zoustand vun de Fliessgewässer verbidd
  • dass d’Seveso Richtlinnen strengstens agehale ginn (déi éischt Häiser an der Nord- resp. an der A. Schweitzerstrooss zu Biireng sou wéi an de Südquartier’e vu Betebuerg si schätzungsweis 200 m Loftlinn vun dem Site ewech)
  • dass rëm e Spazéierwee laanscht d’Baach amenagéiert gëtt, am Sënn vun engem accessiblen Noerholungsgebidd fir d’Awunner vu Biireng
  • dass de Projet vum riesegen Verteilerkrees, den op der Héicht vun der Autobunnsbréck op der N 31 op Tuchfühlung mat 2 Wunnhäiser geplangt ass, nach eng Kéier revisionéiert gëtt, an den LKW-Verkéier fir op de Container Terminal schon op der Héicht vum Croix de Bettembourg vun der A 3 drainéiert gëtt
  • akut eng Solutioun fir d‘ Kuebekolonie, déi virun enger Rei Joren op Initiative vun der Diddelenger Gemeng hin op den (an der Tëschenzäit ofgeholztenen) Pëppelen ugesiedelt ginn ass

 

5 réponses à Eis Fuerderungen

  1. Fernande Wilhelm dit :

    Ech gin iech vollkommen Recht : Alt erem e Stéck Liewensraum deen zoubetonnéiert gett. An desst alles fir 75 Aarbechsplaatzen an fir an eisem Produktiouns- an Konsumwahn matzehaalen. An d’Liewensqualität bleiwt dobei op der Stréck. MERCI CFL fir den formidabelen Projet.

  2. Verkéiersétude Diddeleng/Betebuerg
    Ech hat no der Presentatioun vun der Etude am November 2015 Impressioun dat die Verkéierssituatioun die ob eis zoukomme wärt, massiv ennerschätzt gëtt vum Ministère a sengen Coéquipier’en.
    Kuckt iech dach all emol dee Megachantier do unn den do endsteet. Mäer ass et Angscht! An da behaapt den Här Bausch ganz simplistesch, doduerch dat hien ENG Tankstell um Eurohub plangt, do kéim kee Camionchauffeur méi op d’Iddi an letzbuerger Strooss tanken ze komme. Dat ass dach einfach en Affront.
    Desweideren gesinn ech et als eng Provokatioun un eng Verkéiersétude Diddeleng/Betebuerg auszeschaffen ouni die Leit oder Bureau’en déi aktuel um PAG vun der Gemeng Diddeleng schaffen mat anzebannen. Dëss Etude korresbondéiert nullement den Perspektiven vum zukünftigen PAG Diddeleng. Et ass e Skandal wéi hei enger Gemeng iwert de Mond gefuer gett.
    Desweideren den Desinteresse vun der CFL fir hieren Service ze verbesseren war schon dëcke Gas. Nom Motto….mäer erhéigen Frequenz Diddeleng/Betebuerg, bauen dann eng Schallschutzmauer queesch duerch Diddeleng a setzen nach een drop an bauen eng Ennerführung ennert der Bunn erduerch. Dat muss een sech emol op der Zong zergoe loossen. Do fehlt et jo wierklech un Serieusitéitan u Visiounen. Fir esou eng an aner Prestatiounen vun der CFL die katastrophal Konsequenzen an der Uertschaft Diddeleng wäert hun, investéiert den Här Bausch 800 Mio €. Merci….
    Mee dat bescht am ganzen Owend war dem Stroossebauingénieur seng Mesuren mam Harry Potter sengem Zauberstab, den dann irgendwelch Stroossen an Diddeleng emgeleet huet an dann Wolleken iwer Deelquartier’en geluescht huet a gemengt huet de Problem wier geléisst.
    Wie einfach…
    Affaire à suivre.

    • Jean-Jacques Muller dit :

      Eng Etude bleiwt eng Etude, net méi an och net manner, an et ass och ëmmer opschlussräich fir ze kucken, wen d’Etude an Optrag ginn huet, resp. wat fir eng Intérêt’en den Optraggeber verfollegt; ech hoffen Diddelenger Schëfferot a Gemengerot loossen sech net blenden, wann eng CFL offréiert d’Käschte fir eng Ënnerführung ze droen (leider ass et awer och sou, dass de Schëfferot ënnert dem Drock steet, dass zu Diddeleng bei all gudd Gelee’enheet iwwert zoue Barrière gemeckert gëtt).
      Et wär effektiv gudd, wann de Schëfferot sech vun dem Bureau den hire PAG ausschafft, resp. de Verkéiersbureau, den se regelméisseg beréid en Avis anhëlt.
      An mengen Aen, wier et méi sënnvoll, wann d’CFL eng Sort Train-Tram tëscht Diddeleng a Betebuerg géif zirkuléire loossen, wou op Barrière ka verzicht ginn.

  3. Romain Bouschet dit :

    Genee do lait Kromm an der Heck…
    Ging do eng Sort Train/Tram enstoen, da wier CFL net méi den Exploitant.
    An dat interesséiert CFL natierlech iwerhapt guer net.
    Wat Diddeleng an Zukunft brauch sin Visiounen. Die Iddi mam Train/Tram wier zum Beispill esou eng Visioun, an dat kinnt een weider spannen. Den Train/Tram kinnt een jo och ennerierdech léen. Domatt wieren Barrièren och verschwonnen. Dee ganzen Terrain wou elo Bunn leeft kinnt een benotzen als gringen Tracé queesch duerch Diddeleng, fier Fuessgänger a Velosfuerer. Eng super Beraicherung fier Diddeleng!
    Einfach de Courage fier Visiounen hunn. Eng Ennerführung huet nach a kenger Uertschaft funktionnéiert,…mee am Contraire huet Uertschaft nach méih gespleckt.
    Affaire à suivre.

  4. Alex Christoffel dit :

    Ier ech als Butschebuerger Diddelénger dësen Kommentar schreiwen, haat ech mech e bëssen mam Jean-Jacques ennerhaalen. Ech deelen vill Punkten vu Biireng21, gesin awer e puer Punkten e bessen aanescht.

    1.) De Rond-Point « Guillotine » zu Biireng fonctionnéiert aus dem Westen (Ribeschpont), Norden (Beetebuerg) an Osten (Biireng) gudd oder relativ gudd, och zu de Spëtzenzäiten. Aus dem Süden as en dogéint (besonnesch, mais nët nëmmen) moies vu 7 bis 9 Auer eng eenzeg Katastroof: Ab 7h10 brauch een dacks 15-20 Minutten, staut et oft bis erop bei de Kiirfecht. Vun der Aral-Statioun resp. durch de Schläichwee Bodrystrooss geet moies dacks guer näischt méi. Dofir gesin ech eng Emwandlung vum Rond-Point bei der Q8 an eng Kräizung mat roude Luuchten relativ positiv. Zu Leideleng wirken z.B. déi nei roud Luuchten op der Haaptkräizung Wonner; déi éiweg Stauen ab Leidelenger Kirch oder ab der Sidor hun sech däitlech verbessert, respektiv léisen sech vill méi séier op, obwuel momentan durch eng 6 Méint laang Spärung Schléiwenhaff-Récken d’Déviatioun durch Leideleng féiert an dowéinst do elo vill méi Verkéier as!

    2.) Durch déi Emwandlung an eng Kräizung mat roude Luuchten kënnen Fernlaster nët méi dréinen fir tanken ze goën, waat jo zënter Joëren eng onhaltbar Situatioun ass. Wéinst de villen Sens uniques missten se schon bis wäit an Diddeleng fueren fir d’Kéier ze maachen fir do ze tanken, waat deem Spuuk vläit en Enn kéint maachen oder staark reduzéieren. Dofir misst et allerdings verbueden gin, am Beräich vun den Tankstellen lénks oofzebéien.

    3.) Helper, Koibestrachen, 4-spueregen Ausbau a Kräizung Lidl: Diddelenger Handwirksbetriiber warden schon zënter Joorzingten drop, sech weider ze entwéckelen an zënter Joorzingten sin zu Diddeleng keng nei mëttelstänneg Betriiber méi bäikomm. Och déi Beetebuerger Zonen gin lues a lues voll. Wann een déi Betriiber an enger Zone mixte « Wunnen a Schaffen » wëll zu Diddeleng haalen oder neier unzéien, fir sech weider ze entwéckelen amplaaz dass se an eng Activitéitszone an der Pampa auswanderen (waat och weideren Verkéier aus Diddeleng eraus ging bedeiten!), da kann een nët géint eng (urbanistesch sënnvoll, noohalteg an architektonesch interessant) Entwécklung am Nordausgang/-agang vun Diddeleng sin. Dofir as awer d’Kräizung « Lidl » immens wichteg, fir dass déi Zonen an d’Betriiber laanscht d’N31 nët durch Lénksabbieger mais iwert déi Kräizung vun hannen erreechbar gemeet ginn. Wann e.a. durch déi Kräizung e 4 spueregen Ausbau misst kommen, da misst op 3 Saachen absolut gepocht ginn: a) d’Beem därfen nët oofgeholzt, mais missten sur place emgeplanzt ginn (virun ronn 30 Joër gouf daat konsequent teschent Uespelt a Felstrëff gemeet an déi Beem waren op d’mannst grad esou grouss); b) et misst eng zousätzlech Baamrei an de Mëttelcouloir gesaat gin (wéi am Agang vun Esch-Lalleng); c) dee Baamcouloir därf sou mann wéi méiglech durch « privat » Lénksabbieger ënnerbrach gin, mais baal just op öffentlechen Kräizungen (Lidl an Decker). Dofir mussen, wéi gesoot, déi Betriiber, déi direkt un der N31 leien, vun hannen vun der Kräizung Lidl aus ereechbar gemeet ginn). Dee Baamcouloir an der Mëtt misst sech bis bei d’Kräizung Q8 erstrecken fir am Beräich vun den Tankstellen Lénksabbieger ze verhënneren.

    4.) Den Triichtereffekt vun 4 op 2 Spueren bei der Q8 léist sech relativ einfach vermeiden andeems een ab Lidl bis bei d’Kräizung Decker vun Norden kommend déi riets Spuer exklusiv réservéiert fir beim Decker an d’Quartieren Soibelkaul a Butschebuerg ze fueren (déi ab Decker an eng Zone 30 misst zréckgebaut gin fir Transit ze verhënneren) a fir de Bus. Vum Decker aus bis bei d’Q8 wier et dann just 1 Spuer (oder nach eng riets fir de Bus fir bei där Kräizung Virfahrt ze kréien).

    5.) De Fouss- a Veloswee ging ech vun der N31 ewech verlaageren, an zwar fir Soibelkaul,Ribeschpont, Butschebuerg aus ab dem Geschäft Trafic hannert dem Breininger a Lidl bis bei de Staastlabo a vu Biireng aus souwuel durch d’Rue du Nord laanscht d’Diddelenger Baach (och als Naherholungswee!!) an durch Helper. Daat as och alles méi agreabel a gesond wéi direkt laanscht de Kaméidi, Stëpps a Gestank vun der N31 ze goën an daat géif och méi Leit dozou motivéieren, sech zu Fouss oder mam Velo an deem Beräich fortzebewegen… An durch eng Kräizung mat rouden Luuchten (och fir Foussgänger) bei der Q8 kéint een och méi secher iwert Stross goën…

Répondre à Alex Christoffel Annuler la réponse

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *