Vues aériennes

Plang Renaturéirung vun der Diddl. Baach südlech vun der A13 Als Kompensatiounsmoosnahm zu dem Zoubetonéiren vun 33 ha Weeden- an Ackerland, dem Ofholze vun 100-jährege Beem ass d’Diddl. Baach op enger Längt vu knapp 400 m südlech vun der A13 renaturéiert ginn; ausserdem ass en Eechebëchelchen ugeluet ginn

 

Vue aérienne op de Mega Verdeelerkreess (Ø ca 135 m) den op der Schnëttstell vun der A 13 (Collectrice) an der N 31 (Landstroos tëscht Betebuerg an Diddeleng) entstoen soll, an en Hindernis fir d’Mobilité douce tëscht den 2 Uertschaften wäert duerstellen. Ausserdem entsteet en a Proximitéit vun 3 Wunnhäiser op der N 31, déi vu jeher do stoungen.

 

 

 

 

source: Admin. Pt & Ch.

D’Awunner vu Biireng froen sech, firwat den LKW-Verkéier net schon op der A 3 (Croix de Bettembourg) opgefaange gëtt, a vun do aus op déi 2 Site geleed gëtt, a verlaangen vu Pt & Ch., dass eng zousätzlech Etude dëse Léisungsvirschlag ënnersicht.

 

Vue aérienne vun dem Emplacement vun dem zukünftegen Verdeelerkreess op der Schnëttstell vun A 13 (gréng) an N 31 (schwaarz). Firwat net den LKW-Verkéier (800 Camion’en pro Dag/Nuet) schon op dem Croix de Bettembourg op der A 3 opfänken, a vun do aus op Container Terminal an Euro Hub (=Logistikzenter) féiren??

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *