den Diddl. Buergermeeschter positionéiert sech zu engem Erhalt vun der Lannenallee

biireng21 ass frou iwwert en Artikel am tageblatt gewuer ginn ze sinn, dass e puer vun hiren Virschléi – e.a. d’Zukunft vun der Lannenallee laanscht d’N31 net ze hypothekéiren –  beim Diddelenger Buergermeeschter Gehéier fonnt hunn.

Effektiv seet den Här Biancalana an dem Artikel, dass den Diddelenger Schëfferot dovun ofgesäit d’N31 op 4 Spueren ze verbreederen, wat den Aus fir d’Lannenallee bedeit hätt, an déi nei Gewerbezon « Helper » ronderem de Staatslabo direkt vum neien Echnqgeur de Burange ufueren ze loossen.

biireng21 begréisst dee point de vue vum Schëfferot an hofft, dass säi Virschlag fir d’N31 z’entlaaschten, andems de Verkéier iwwert eng Verbindungsstrooss laanscht d’A13 vun der Näertzenger Strooss aus direkt op den Echangeur guidéiert gëtt, anstatt dass de Verkéier nach weiderhin  laanscht d’Wunnsiedlung Soibelkaul geet. Am Juli 2016 bei enger Entrevue op dem Transportministère huet den Transportminister Här François Bausch versprach dee Virschlag vun der Pt&Ch. op seng Machbarkeet ënnersichen ze loossen. Mär waarden nach ëmmer op e Feedback aus dem Ministère.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur den Diddl. Buergermeeschter positionéiert sech zu engem Erhalt vun der Lannenallee

Diddelenger Baach – wat leeft falsch bei Uferplantatioun an der Baachrenaturéirung

N A C H H E R : den Zoustand vun der chêneraie am August 2016

CFL Multimodal krut als Oplag fir däerfen 33 ha Felder a Wisen ronderem d’Diddelenger Baach (dat entsprëcht ongeféier 40 Fussballterrain’en) am Kader vum Amenagement vun hirem neien Containerterminal zouzebetonéiren, vum Nohaltegkeetsministère Kompensatiounsmoossnahmen operluecht.

V O R H E R : Planzung am Fréijoer 2016

N A C H H E R : déi jonk Setzlingen – verdrëschent an z. D. vun engem Bagger platt gewalzt (August 2016)

Dat war engersäits d’Renaturéirung vum Laf vun der Diddelenger Baach op enger Längt vun ronn 400 m (wat net grad ëmwerfend ass) tëscht der rue du Nord an dem Autobunnsdamm vun der A13 an anerersäits d’Uplanzen vun engem Bëschelchen an der Wiss tëscht dem 400 m laangen Baachlaf an dem Feldwee (Fortsetzung vun der A. Schweitzerstr.)

Déi Kompensatioun ass no engem Schlëssel vu Punkten a Koeffizienten ausgerechnet ginn, fir d’Ëmweltvaleur vun enger zone verte Landschaft déi versiegelt ginn ass tant soit peu z’ersetzen, domat kann een d’accord sinn oder och net, mee dat steet sou am Gesetz.

Déi Kompensatioun ass am Laf vum Joer 2016 realiséiert ginn, net ganz optimal, mee passons-en. Wat mir bemängelen, ass den Zoustand an dem sech aktuell d’chêneraie befënnt (Fotoen ei niewendrun), mee kuckt Iech am beschte selwer an dem Reportage vum Journal vun rtl un, wat schief leeft:

http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3073083.html

ronn d’Halschent vun de Bamsetzlingen (mär hätten eis gewënscht et wäre méi grouss Beem gesat ginn, fir déi Johonnert al ofgeholzte Beem z’ersetzen, mee soit, d’Administration de la Nature et des Forêts huet dat fir gudd gehalen) ass verdrëschent, resp. si bei Arbechten vum Bagger platt gefuer ginn; d’Onkraut steet meterhéich an droht déi reschtlech Setzlingen z’erstécken; wann een sech bewoss ass, wéi laang sou e Beemche brauch fir zu engem Bam erunzewuessen, sou ass et lamentabel, déi Plantatioun sou verkommen ze loossen, obwuel öffentlech op dee Mëssstand higewise gouf. D’CFL huet och an dem Reportage soe gelooss, si géif eng Privatfirma mat de néidegen Arbechtenbeoptragen.

Elo setzt d’Zäit vum Buedemfrascht an, an domat ass déi gudd Period fir déi futtis Setzlingen z’ersetzen eriwwer. Déi ane Säit vum Autobunnsdamm gesäit een, wéi mat Suergfalt déi nei multimodal Platttform gebaut gëtt. Et misst an eisen Aen eigentlech selbstverständlech sinn, dass de Bauhär, also CFL Multimodal bei de Naturkompensatiounsmoosnahmen déiselwecht Sorgfalt walte léisst.

 

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Diddelenger Baach – wat leeft falsch bei Uferplantatioun an der Baachrenaturéirung

D’Positioun vu biireng21 par rapport vum Diddl. Buergermeeschter sengen Aussoen am LW Interview vu Juli 2016

Interview D. Biancalana LW 09-07-2016

« Man muss den Stadteingang spüren », eng Ausso vum D. Biancalan, déi biireng21 mat zwou Hänn kann ënnerschreiwen, a wéi kann een de Stadagang besser spieren, wéi mat enger Landmark wéi der bekannter Lannenallee, e Bléckfang mat Traditioun.

dem Plang zufolge gëtt d'N31 verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis 8 Beem ofzeholzen

dem Plang zufolge gëtt d’N31 verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis 8 Beem ofzeholzen

Mat der geplangter Gewerbezon PAP Helper, an dem Ëmfang wéi se virgesinn ass, kënne mer eis allerdéngs net averstanen erklären. Besonnesch mat dem Deel vum PAP Helper, den op der lénker Säit (wann een an Diddeleng erafiert) soll entstoen.

Als Erënnerung: et sinn an de läschte Méint 33 ha  Wisen an Aacker fir d’Konstruktioun vun CFL Multimodal zoubetonéiert ginn. Dat villt Versiegelen vun oppene Bieden ass  e gewiichtege Faktor, matverantwortlech fir déi rezent Héichwaasser. D’Verschwanne vu Gréngland ka net an dem Mooss weidergoen!  Dat ass ee vun de Grënn firwat mer net averstane sinn, dass e PAP lénkssäiteg vun der N31 soll entstoen, an domat all déi Wisen am Agang vun Diddeleng tëscht der N31 an der Eisebunnslinn solle versigelt ginn.

Ausserdem fäerte mer, dass, wann déi nei Gewerbezon bis steet, de Siedlungsdrock, op der anerer Säit vun der Eisebunn monter weider geet, d.h. dass dann och rue du Nord, rue Henri Dunant, rue Albert Schweitzer, wou nach vill Gréngland ass, op eemol attraktiv a vill méi accessibel sinn, an dem Siedlungsdrock musse noginn. Besonnesch d’Optioun vun enger Überführung iwwert d’Eisebunnslinn (bedingt duerch d’Ewechfalen vun der Birenger Barrière), déi direkt vun der N31 aus, do wou de Lidl soll entstoen, hannen an der rue du Nord erauskënnt mëcht de Quartier Bireng vill méi accessibel an domat interessant fir Gewerbe an Industrie. Dofir wëlle mer, dass sech de PAP Helper op déi riets Säit, d.h. op d’Säit vum Staatslabo an dem zukünftege Lidl beschränkt. Mär hoffen, dass d’Gemeng nom Ewechfalen vun der Birenger Barrière déi aner Optioun, an dat ass déi vun enger Unterführung bei dem aktuelle Passage à niveau zréckbehält.

Dass e Bedarf vun engem zousätzlechen Gewerbegebidd wéint der Nofro vu lokale Betrieber besteet, dat stelle mär net a Fro, mee et ginn nach aner Optiounen. Sou kéint een Deel vun de nationalen Industriegebidder op Diddelenger Terrain, wou zënter Joerzéngten grouss Flächen brooch leien (Riedgen) am Kader vun der Nobesserung vun de plans sectoriels a kommunal Gewerbegebidder ëmklasséiert ginn, anstatt nees op der grénger Wiss Betrieber unzesiedelen.

Mär stellen och a Fro, dass de neien Discounter Lidl vun der N31 aus soll fir den Autos- a Camionsverkéier accessibel gemat gëtt (dat bedéngt eng Kräizung mat e.a. Linksabbieger,  an domat eng Verbreederung vun der N31 op Käschte vun de Beem), mee mär plädéiren fir en Anschluss vum PAP Helper op der rietser Säit (inklus. Lidl) direkt iwwert de neie Mega-Rondpoint. De Minister Fr. Bausch huet versprach, dass déi Optioun vu Pt&Ch. studéiert gëtt.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur D’Positioun vu biireng21 par rapport vum Diddl. Buergermeeschter sengen Aussoen am LW Interview vu Juli 2016

Renaturéirung Diddelenger Baach – eng ganz Parti vun Onzoulänglechkeeten!!!

biireng21 stellt sech d’Fro, ob d’Renaturéirung vun der Diddelenger Baach, déi vun CFL Multimodal am Kader vun de Kompensatiounsmoosnahmen fir déi 33 ha betonéiert Wisen gemat (dem Gesez no huet misse gemat ginn) a mat groussem Brimbarorium (Ministeren an d’ Televisioun ware präsent) virun 3 Méint ageweit ginn ass, selon les règles de l’art geschitt ass!! Mär zweifelen dodrunn!

 

ansicht-baach-august-2016-toilettepab

laanscht de Laf vun de ronn 400 m renaturéierten Deel vun der Diddl. Baach si Fatze vun Toilettepabeier an aner Fatze Pabeier un den Uwänner ze gesinn

Effektiv schéint et esou, wéi wann d’Schmotzwaasser vun der Stad Diddeleng bedauerlecherweis an d’Baach gelaangt, anstatt via Kollekter an d’Kläranlag op Betebuerg geleet ze ginn, wat Reschter vun Toilettepabeier laanscht d’Baach aussoen; biireng21 verlaangt, dass schnellstens nogebessert gëtt, sou dass de kuerzen renaturéierten Baachofschnëtt och sengem Numm gerecht gëtt

planz-mat-toilettepab-compensatioun-diddl-baach-august-2016

Beispill vu Fatze Pabeier un engem Strauch laanscht Baach

 

kompensatioun-laanscht-diddl-baach-r2-stand-august-2016

op dem Site vun der Baachrenaturéirung, wou am Fréijoer och e Bëschelchen ugebaut ginn ass, si vill Setzlingen verdrëschent – déi mussen am Hierscht onbedéngt ersat ginn, an och d’Kraut muss geméint ginn, dass déi nei Setzlingen net erstécken

 

 

 

 

 

Mär bemängelen och, dass eng ongenügend Koordinatioun um Chantier bei der Renaturéirung vun der Baach an dem Ulee’en vun dem Bëschelchen stattfënnt, sou dass e gudden Deel vu Setzlingen, déi d’Drëchent iwwerstanen hunn vum Bagger platt gefuer gi sinn; op dem aneren Deel vum Chantier, wou den Terminal entsteet gëtt jo och mat Verstand geschaff

beschiedegten-setzling-r4-compensatioun-baach-august-2016

um Areal wou Beemsetzlinge geplanzt goufen, fir den ëmgeholztene Bësch, den dem Multimodalen Terminal zum Opfer gefall ass ze kompenséiren, si vill Setzlingen wéint dem drëchenen Summer agaangen, resp. vun Aarbechtsmaschinnen platt gefuer ginn – och do muss CFL am Hierscht nobesseren

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Renaturéirung Diddelenger Baach – eng ganz Parti vun Onzoulänglechkeeten!!!

Chantier « Lidl » – d’Beem musse bleiwen!

dem Plang zufolge gëtt d'N31 verbreedert, an et schéint virgesinn ze sinn, bis 8 Beem ofzeholzen

dem Plang zufolge gëtt d’N31 verbreedert, an et gesäit sou aus, dass dowéinst bis zu 8 Beem sollen ofgeholzt ginn

Op dem Plang, den am LW vum 09.07.2016 anl. dem Interview mam Diddl. Buergermeeschter ofgedrockt war, ass ze gesinn, dass d’N31 do wou d’Entrée(Nr3 um Plang) vum Lidl virgesinn ass, massiv verbreedert gëtt (eng Spuer fir lénks ofzebéien, eng Bushalteplaz)

biireng21 verlaangt, dass kee Bam laanscht d’N31 ofgeholzt gëtt (ausser déi 8 Beem, déi am Kader vum Bau vum neie Mega-Rondpoint mussen deplacéiert ginn, a wou och schon Autorisatiounen vum Emweltministère virleien), an erënnert an dem Kontext un d’Verspriechen vum Minister Fr. Bausch vum 4. Juli 2016 anl. vun enger Entrevue zesumme mat biireng21 an dem Diddl. Schëfferot.

Mär schloe vir de Lidl vun hannen mat enger neier Stëchstrooss direkt vum Echangeur de Burange aus, déi duerch de geplangten PAP Helper (=nei geplangte Gewerbezon tëscht Staatslabo an der Gäertnerie Breininger) géif féiren fir PKW a Bus z’erschléissen, an déi Bretelle um neie Rondpoint, déi fir de Staatslabo geplangt ass ze profitéiren. Selbstverständlech wier de Lidl fir d’Mobilité Douce direkt vun der N31 aus z’erreechen, mee dofir brauche keng Beem ewech gemat ze ginn.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Chantier « Lidl » – d’Beem musse bleiwen!

Réunioun mam Minister Bausch an dem Diddelenger Schëfferot de 4. Juli 2016

D’Reunioun um MDDI war extrem opschlussräisch, net zer läscht dowéinst, well déi verschidden Delegatiounen vu villen Expert’en encadréiert waren, déi op eis präzis Froen konnten agoen.

De Minister Fr. Bausch hat z.B. den Direkter adj. vun der Pt& Ch., den Här Roland Fox dobäi

Den Diddelenger Schëfferot, dee vollzähleg (Biancalana – Manderscheid – Dall Agnol – Spina)  ugetruede war, war vun der Mme  Ch. Zeyen, vum Bureau Zeyen&Baumann, den de PAG ausschafft, begleet, ausserdem mat vun der Parti war den Här Romain Molitor – Verkéiersexpert a Beroder vun der Gemeng vum Wiener Bureau komobile, d’Mme Christine Muller, Architektin an Urbanistin vum Bureau Dewey-Muller, den de Masterplang vum PAP Helper ausschafft, net ze vergiessen d’Architektin vun der Gemeng d’Mme Cathy Mambourg, an den Här Tom Schroeder vum Service Technique vun der Gemeng.

Als absolut positiv bewerte mär de Fait,

  1. dass den Här Minister der P&Ch. als Optrag ginn huet d’Machbarkeet vun enger Stëchstrooss vun der Näertzenger Strooss aus laanscht d’A13 direkt op den Echangeur de Burange z’ënnersichen
  2. dass bis op weideres d’Kräizung beim neie Lidl vum Dësch ass, d.h. keng Weiderféirung vun der Zoufahrt Lidl laanscht d’Wunnsiedlung Soibelkaul bis op d’Näertzenger Stroos,
  3. vum Dësch ass och déi  nei Strooss vun der besotener Kräizung aus iwwert d’Eisebunnschinnen  Richtung rue du Nord fir en evt geplangte Verschwannen vun der Birenger Barrière ze kompenséiren
  4. au contraire hunn d’Mme Christine Muller an den Här Romain Molitor vum Diddelenger Schëfferot den Optrag kruten, d’Machbarkeet vun enger Unterführung op der Héicht vun der aktueller Barrière/rue de Burange fir de PAP Helper  z’erschléissen z’ënnersichen
  5. dass keen Ofholzen vun der Lannenallee virgesinn ass, fir d’N31 op 4 Spueren ze vergréisseren, dass wann eng Verbreederung vun der N31 usteet, d’Lannenallee erhale bleiwt; fir de Moment mussen maximal 8 Beem ofgeholzt, resp. ëmgeplanzt ginn fir den Echangeur de Burange ze bauen; mär froen eis zwar wéi eng evt Verbreederung vun der N31 soll vustatte goen ouni mussen d’Beem ofzeholzen

 

 

 

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Réunioun mam Minister Bausch an dem Diddelenger Schëfferot de 4. Juli 2016

Nei Kalligo’en an Häerzer fabrizéiert

Nei Kalligoen 25-06-2016 r

E Mëttwoch haten Arbechter vu Pt&Ch. net nëmmen d’Häerzer vun de Beem erofgeholl, mee och d’Kalligo’en déi op der Heck, resp. dem Zonk vu Privathäiser houngen.

Pt&Ch. schéinen nawell sensibel op Kritik ze reagéiren, mee biireng21 monéiert, dass d’Administratioun net amstand war, fir d’Kalligo’en, resp. d’Häerzer bei den Häiser ofzeginn, wou se houngen.

biireng21 huet reagéiert a läschte Samschden (25.06.2016) nei Kalligoen gemolt an op privatem Terrain, dee net laanscht d’N31 ass, opgehaangen. Mär insistéiren, an hätte gären, dass den Diddelenger Awunner bewosst gëtt, dass d’Ofholzen vun de Beem laanscht d’Lëtzebuerger Strooss wéi en Damoklesschwert iwwert hirer Lannenallee hänkt. Bastelaktioun 25-06-2016 r

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Nei Kalligo’en an Häerzer fabrizéiert

Repliquen vu biireng21 op d’Aussoen vum Diddelenger Schëfferot am LW vum 18.06.2016 « Allee statt Holzweg »

http://biireng21.lu/wp-content/uploads/2016/06/LW-18-06-2016-Allee-statt-Holzweg.pdf

betr. der Ausso vum Claudia Dall’Agnol zu dem Ausbau vun der N31 an e 4-spuerege Boulevard am Agang vun Diddeleng:

biireng21 ass der Meenung, dass e 4-spuerege Boulevard am Agang vun Diddeleng enger Stadt-Autobunn net wäit aus de Féiss geet, an d’Doudesurdeel fir d’Bamallee bedeit, och fir d’mobilité douce z’assuréiren bleiwt keng Plaz, well de Staat keng Emprise op Terrain laanscht eng 4-spuereg N31 huet, resp. Gebäier an Häiser direkt un der N31 stinn.

D’Lannenallee ass net just eng ästhetesch Landmark, déi d’Entrée vun Diddeleng charakteriséiert a verschéinert, déi aal Beem erfëllen och eng Filterfunktioun a verhënneren, dass ze vill Stéckoxyden a Feinstaubpartikel Richtung Wunnvéirel geblose ginn; ausserdem wierkt d’Allee als Geschwindegkeetsreduzéirer, an hirt Verschwannen wär en onwiderruffleche Schued; biireng21 ass der Meenung, dass zousätzleche Verkéier, den duerch dat geplangte Véirel Helper entsteet op parallel Achsen Richtung  Echangeur soll geleet ginn, a net iwwert zousätzlech Pisten op der N31

betr. der Ausso vun der Mme Dall’Agnol zum geplangte Verschwannen vun der Bierenger Barrière

biireng21 schléit als Alternativ zum Zuch den BHNS (bus à haut niveau de service) tëscht Diddeleng a Betebuerg vir, den op dem Trajet vum Zuch géif verkéiren, keng Barrière bréicht, mee mat normale roude Luten vum Individualverkéier getrennt kéint ginn; de Virdeel wier, dass keng nei Stëchstroos duerch d’rue du Nord an iwwert d’Bierenger Duerfplaz gebaut misst ginn;eng Erhéijung vum Takt vun engem BHNS bedeit an dem Fall also net, dass d’Barrière nach méi oft zou ass, wéi momentan, an de Verkéier sech net géif  stauen; e BHNS als Alternativ zum Zuch bedeit och, dass keng Iwwerhuelgleiser musse gebaut ginn (weder zu Biereng nach an der Thionviller Strooss) an dass déi aus urbanistescher Vue verwerflech Unterführung tëscht Kierfecht an « Hild », déier ausserdem d’Diddelenger Gare géif zum Opfer falen, keen Thema méi wier

de Ministère (MDDI) huet iwwregens eng Etude ausschaffe gelooss, wéi en BHNS fir de ganze Minett kéint agesat ginn, sou dass déi Alternativ net einfach aus der Loft gegraff ass; d’Betebuerger Gare gëtt och mëttelfristeg moderniséiert, sou dass en Emsteigen zu Betebuerg an de Stater Zuch problemlos méiglech wäert ginn

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Repliquen vu biireng21 op d’Aussoen vum Diddelenger Schëfferot am LW vum 18.06.2016 « Allee statt Holzweg »

Häerzer vun de Beem laanscht d’N31 vu Pt&Ch.?? erofgeholl

IMG_4765Vandalismus !!!

Wéi net anescht z’erwaarden haten d’Häerzer op de Lannen laanscht d’N31 eng gereng Liewensdauer. Effektiv goufen se haut de Moien vun 2 Arbechter (Administration des Pt&Ch.??) erof geholl, an entsuergt???

Schued, dass de Staat a seng Administratioun, evt. souguer d’Regierung sou wéineg Toleranz besëtzt, a Symboler vun der fräier Meenungsäusserung, déi wéineg gestéiert hunn, an doriwwer eraus och nach dekorativ waren, kuerzfristeg entferne gelooss huet.

Mär wieren zwar frou, wann d’Häerzer géifen un de Fabrikant zréck gefouert ginn (;-))

Biereng 21 Interview mit Jean-Jacques Muller Basteln gegen Baumfällen , Foto Lex Kleren

09.06.2016 d’Häerzer beim Drëschnen an der Scheier zu Biereng – d’Hierstellung huet e gudd Stéck Arbecht kascht

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Häerzer vun de Beem laanscht d’N31 vu Pt&Ch.?? erofgeholl

Aktioun  » en Häerz fir eis Lannenallee » 18. Juni 2016

tageblatt 09-06-2016 biireng21 rüstet auf -Häerzer bastelenLW 18-06-2016 – Allee statt Holzweg

Am Artikel am LW vum 18.Juni 2016 betr. eis Aktioun huet d’Pressespriecherin vum MDDI an hirer Stellungnahm vu falschen Interpretatiounen an der Kommunikatioun tëscht biireng21 an dem Minister Bausch, bzw. dem Staatssekretär Gira anl. eiser Entrevue vum 12.Mee 2016 geschwat. Mär wëlle just ënnersträichen, dass mer net vun der Heck gepléckt sinn, a wuel à même sinn en Ënnerscheed tëscht dem Bau vum neien Echangeur an enger Etude, déi den Ausbau vun der N31 op 4 Spueren virgesäit,  ze maachen.

Allerdéngs berout eis Aktioun dorop, dass Pt&Ch. kuerz no eiser Entrevue um Ministère 22 Beem (15 op der Säit vum LNS – bis bei d’Reenopfangbecken a Richtung Diddeleng a 7 op der Säit vun der Maison Mailliet) marquéiert huet, déi fir de Bau vum Echangeur sollen ewech kommen – wat mär iwwregens och vun der Administratioun confirméiert kruten –  mär awer der Meenung sinn, dass den Emplacement vum Echangeur en Ofholzen bis hannert den LNS net rechtfertegt.

biireng21 ass der Meenung, dass déi Unzuel u Beem, déi fir de neien Echangeur sollen ofgeholzt ginn masslos iwwerdriwwen ass (all ofgeholztene Bam vun der Allee ass een ze vill), an tatsächlech sot d’Pressespriecherin, dass hëchstens 8 bis 10 Beem ewech kéimen, an dass probéiert géif se ëmzeplanzen. Mär sinn iwwerzeegt, dass de Redressement vun deem Chiffer no ënnen op Drock vun eiser Aktioun hi geschitt ass.

Iwwregens hu mer de samschden de Moien während dem Ophänke vun den Häerzer laanscht d’N31 spontan eng ganz Rëtsch Ënnerstëtzungstémoignagen vu Passanten an och Autofuerer krut.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Aktioun  » en Häerz fir eis Lannenallee » 18. Juni 2016