Flyer mat eise Fuerderungen an der Woch vum 06.06.2016 zu Biereng ausgedeelt

Flyer – biireng21

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Flyer mat eise Fuerderungen an der Woch vum 06.06.2016 zu Biereng ausgedeelt

« En Häerz fir eis Lannenallee » Mëttwoch 8. a Samschden 11. Juni (op eng Woch méi spéit verluet)

biireng21 trëfft sech e Mëttwoch, den 8. Juni um 5 Auer Nomëttes um Bauerenhaff an der Albert Schweitzerstrooss fir Häerzer aus Holz ze bastelen. Mär schneiden se aus, beschrëften se mat eise Fuerderungen, a ginn déi Häerzer de Samschden de Moien um halwer 10 un déi Beem laanscht N31 ophänken (Oppassen den Termin fir d’Häerzer opzehänken ass em 1 Woch verluecht ginn!!!!!), fir drop hinzeweisen, dass eis eis Bamallee am Agang vun Diddeleng um Häerz läit. Jidfer Diddelenger Awunner, dee sech géint en Ofholzen vun der Lannenallee an der Entrée vun Diddeleng ausschwätzt, an en Zeechen wëll setzen, ass häerzlech invitéiert, fir sech un der Bastelaktioun de Mëttwoch de Mëtteg (8. Juni) um 5 an der Schweitzerstrooss, resp. un der Aktioun fir d’Häerzer laanscht d’N31 de Samschden de Moien 11. Juni opzehänken ze goen, matzemaachen. – Kucke mer mol wéi laang Pt&Ch. d’Häerzer un de Beem wäert hänke loossen! – tageblatt 080616 revisited

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur « En Häerz fir eis Lannenallee » Mëttwoch 8. a Samschden 11. Juni (op eng Woch méi spéit verluet)

Pt&Ch. huet 22 Beem marquéiert fir ofzeholzen

plan échangeur avec arbres marqués N31Laanscht d’N31 huet Pt&Ch. Enn Mee 22 Beem bis op d’Héicht vun dem Reewaasseropfangbecken niewent der Entrée vum Staatslabo mat engem rosa Punkt marquéiert. Vu dass mer bei eiser Reunion beim Minister vum MDDI François Bausch den 12. Mee 2016 versëchert kruten, et wieren nach keng Autorisatiounen ugefrot fir Beem laanscht d’N31 ofzeholzen hu mer natierlech nogefrot.                                             Pt&Ch. maachen deen subtilen Ënnerscheed tëscht Beem ofholzen am Kader vum Ausbau vum Echangeur, resp. am Kader vun der Verbreederung vun der N31, hei wier et op Basis vum 1. genannten Grond, mee d’Resultat ass am Endeffekt dee selwechten: d’Lannenallee gëtt deziméiert, an d’Beem froen net dofir firwat se ëmgeluet ginn.

biireng21 wiert sech, dass d’Lannenallee laanscht d’N31 soll ofgeholzt ginn, egal wat de Grond ass. De Plang vum neien riesegen Echangeur de Burange uewen driwwer weist genau aus, dass déi marquéiert Beem net op dem Emplacement vum Echangeur stinn, mee ganz kloer schon Bestanddeel vun der Lannenallee sinn. Mär hunn de Kahlschlag am Januar a Februar vun de Beem an den Hecken op dem Emplacement vum neien Echangeur als noutwendegt Iwwel acceptéiert, mee hei soe mer awer ganz kloer: « D’Beem an der Lannenallee bleiwe stoen! »

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Pt&Ch. huet 22 Beem marquéiert fir ofzeholzen

Conclusiounen aus der Entrevue mat dem Minister Bausch an dem Staatssekretär Gira

Un der Entrevue vum 12. Mee hunn ausser dem Minister Françosi Bausch an dem Staatssekretär Camille Gira nach Leit aus dem MDDI, der Admin. des Pt&Ch., der Admin. de l’Environnement an der CFL, bzw. CFL Multimodal deel geholl. Folgend Aussoe goufen vu Regierungssäit, resp. Administratiounen an CFL gemat:

Pt&Ch.: eng 4-spuereg N31 ass noutwendeg, wann d’Stad Diddeleng an dem Mooss wëll wuessen, wéi et hire PAG ausweist; de Rond-Point bei der Q8 verschwënnt, well en den zousätzleche Verkéier net wäert packen, vun intelligente roude Luuten (LSA) gëtt sech méi erwaart

Minister Bausch: et ginn op kee Fall Beem ofgeholzt, wann d’N31 sollt erweitert ginn, dann ginn d’Beem verplanzt; ausserdem ass d’Regierung net Demandeur fir d’N31 op 4 Spueren z’erweiteren; en tramähnlecht schinnegebonnent Verkéiersmëttel tëscht Diddeleng a Betebuerg kënnt net a Fro, well net ze finanzéiren, dofir gëtt awer d’System vun engem « Bus à Haut Niveau de Service (BHNS) », den op der Trasse vun der Eisebunn kéint verkéieren an enger Etude studéire gelooss;

Chr. Reuter (MDDI – Verantwortlechen fir mobilité douce):Pisten fir Foussgänger a Velosfuerer laanscht d’N31 bis bei de neien Echangeur bleiwe bestoen, mee net doriwwer eraus, et gëtt keng Unterführung fir d’mobilité douce gebaut, par contre ass geplangt, fir d’Velospisten laanscht d’N31 mat der Velospist, déi duerch A. Schweitzerstross a laanscht d’A13 féiert, ze verbannen;

CFL-Multimodal: d’Poids-lourds musse vum Centre Routier Sécurisé iwwert d’N31 op den Echangeur geleet ginn, well op dem Terrain vun CFL Multimodal keng Méiglechkeet besteet e by-pass, den direkt op den Échangeur féiert, ze bauen; mär kréien awer versëchert, dass wéint dem Ubannen vum Container Terminal un den neienEchangeur de Poids-lourd Verkéier op der N31 souguer wäert ofhuelen

Staatssekretär Gira: Miessungen op der N31 (Lëtzebuerger Strooss) hunn erginn, dass néirens den hëchst zoulässege Sockel vun 40 microg/m3 NOx iwwerschratt ginn

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Conclusiounen aus der Entrevue mat dem Minister Bausch an dem Staatssekretär Gira

biireng21 en marche commune mat dem Mouvement Ecologique (MECO)

biireng21 huet a sengen Demarchen en Alliéierte fonnt, an zwar de Mouvement Ecologique. De MECO mëcht déi selwecht Analysen a formuléiert déi selwecht Reprochen par rapport zu der regionaler Verkéiersetude. An enger interner Consultatiounsversammlung vu sengen Diddelenger a Betebuerger Memberen huet de MECO och staark urbanistesch Bedenken, wat d’Ersetzen vun de Passages à Niveau bei der Diddelenger Gare, an der Karl Marx-Stroos an an der Jean Jaurès Strooss duerch eng gigantesch Unterführung op der Héicht vun der Gare, resp. dem Kierfecht betrëfft, bei dem déi aktuell Gare a Konschtgalerie géif ofgerappt ginn.  De MECO gesäit éischter en tramähnlecht schinnegebonnent Verkéiersmëttel tëscht Diddeleng a Betebuerg zirkuléiren, wat de Virdeel hätt, dass d’Passages à Niveau duerch normal roud Luten kéinten ersat ginn. De MECO gesäit et och als noutwendeg un, beim geplangten Mega Rond-Point de Burange e Couloir virzegesinn, dass en zukünftegen Tram kann no Westen Richtung Esch ofbéien a weiderfueren.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur biireng21 en marche commune mat dem Mouvement Ecologique (MECO)

biireng21 an der Tagespress

De 14. Abrël war an der Dageszeitung  Journal ënnert der Rubrik « Kloertext » (verantwortleche Journalist fir déi Rubrik ass d’Simone Molitor) en Artikel, deen kuerz awer prägnant d’Zieler vu biireng21 ëmrass huet. Artikel Journal 14. Abrël 2016

De 6. Mee war en Artikel am franséischsproochege Le Quotidien (verantwortleche Redakter war den Hubert Gamelot). Den Artikle u sech ass zimmlech ausführlech mat Fotoen, an et gëtt och weider näischt drun auszesetzen, ausser, dass dem Här Gamelot e journalisteschen Nogo passéiert ass (an et ass müsseg driwwer ze spekuléiren, ob d’Ursaach sproochlecher Natur war, e manque de professionalisme, eng recherche peu poussée oder awer dyslexesch Symptomer beim Journalist) an hien de Numm vun eiser Organisatioun an dem Mooss falsch buchstawéiert huet, dass e falsch Réckschlëss op d’Uertschaft, wou eis Organisatioun doheem ass zouléisst.  En plus huet hien och néirens a sengem Artikel d’Adress vun eiser homepage uginn – vläit wier him an dem Fall de Mëssel opgefall. http://www.lequotidien.lu/luxembourg/plateforme-cfl-de-bettembourg-les-riverains-craignent-une-circulation-infernale/

 

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur biireng21 an der Tagespress

Entrevue tëscht biireng21 an dem Verkéiersbureau vun der Gemeng den 10. Mee 2016

Am Anschluss un eis Entrevue mat dem Schëfferot vun der Diddelenger Gemeng (Biancalana, Spina, Dall’Agnol), den eng ganz Parti vun eisen Points de vue betr. der Analys vun der regionale Verkéiersetude gedeelt huet, ass en Treffen mam Verkéiersbureau « komobile », dat d’Stad Diddeleng a senger Verkéiersplanungen beréit, an d’Wee geleet ginn. Dat Treffen fënnt den 10. Mee statt, an do ass geplangt eis 7 Fuerderungen gemeinsam mat dem Expert vum Verkéiersbureau a Vertrieder vum Diddelenger Schëfferot z’analyséiren. Mär freeën eis déi objektiv Meenung vun engem onofhängen Expert zu eise Fuerderungen an Alternativvirschléi ze héiren, an se mat him kënnen ze diskutéiren.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Entrevue tëscht biireng21 an dem Verkéiersbureau vun der Gemeng den 10. Mee 2016

Entrevue mam Diddelenger Schëfferot Mëttwoch, den 23.März 2016

An déier Entrevue wäerte mer virun allem probéiren déi Gemengeresponsabel vun eiser d’Vue betr. der Entrée Nord vun Diddeleng z’iwwerzeegen, an zesumme mat hinnen d’ Onzoulänglechkeete vun der regionaler Verkéiersetude déi am November 2015 virgestallt gouf, opzedecken. Ënnendrënner a Kuerzfassung déi 7 Punkten aus der Etude, mat deene mer eis net kënne averstanen erklären an Alternativen virschloen:

  1. d’Bamallee erhalen op der N31 an domat déi 2-spuereg Strooss mat Foussgänger- a Veloswee doniewt bäibehalen; kee 4-spueregen Boulevard bauen
  2. de Rond-Point bei der Kräizung Ribeschpont/Q8, deen an de Spëtzeverkéiersstonne gudd fonktionéiert erhale
  3. de neie Mega Rond-Point « échangeur de Burange  » fir Mobilité douce passéierbar maachen, an domat di direkt Verbindung Diddeleng-Betebuerg konservéiren
  4. d’Verbindungsstrooss vun der Näertzengerstrooss net duerch d’Wunnsiedlung Soibelkaul féiren, mee laanscht den Autobunnsdamm vun der A13 via LNS direkt an de neien échangeur de Burange leeden
  5. de poids-lourd Verkéier vum Centre Routier Sécurisé (CRS) direkt iwwert e by-pass op dem Terrain vum CFL Multimodal op den échangeur de Burange leeden, a net iwwert d’Kräizung beim neie CACTUS op déi iwwerlaaschten N31
  6. d’Bierenger Barrière erhalen,(an evt mat engem tramähnlechen Schinnenvehikel, dee keng Barrière brauch op Betebuerg fueren) keng nei Stëchstrooss vun der N31 aus iwwert d’Schinnen bauen, fir duerno an der rue du Nord erauszekommen, déi an dem Fall vun enger Wunn- a Spillstrooss zu enger Erschléissungsstroos vum Quartier mutéiert
  7. nei Attraktiounen laanscht déi iwwerlaaschten Lëtzebuerger Strooss, wéi z.B. d’Vergréisserung vun der Q8 Tankstell, déi zousätzleche Verkéier schaafft, onbedengt vermeiden

Hei de Link zum genauen Text vun eise Fuerderungen: Fuerderungskatalog

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Entrevue mam Diddelenger Schëfferot Mëttwoch, den 23.März 2016

Wen decidéiert? P&CH – oder d’Politik=de Bierger hir mandatéiert Vertrieder?

biireng21 huet vun Ufank un a Fro gestallt, dass de Mega Rond-Point « échangeur de Burange » sou wéi en och haut nach op dem Site vu P&CH http://www.pch.public.lu/fr/projets/autoroutes/a13-echangeur-burange/index.html anzekucken ass, fonktionéiert. Mär hunn Alternativen vum franséischen Ingenieur Guennou – en Diddelenger Awunner, a Member beim Diddl. Biergerforum, deen d’Situatioun aus dem ff kennt – ausschaffe gelooss (->kuckt ënnert dem onglet « Dokumenter »: Paul Guennou document 2 a 4).

biireng21 huet bei enger Entrevue mam Minister Bausch, vum Här Fox, directeur adj. a Chefingenieur vu P&CH. a sengen Ingenieure versëchert kritt, dass alles am Detail mat Computersimulatioun duerchgerechent an duerchexercéiert ginn ass, an dass de Mega Rond-Point (an der Press genannt « Krake mit 9 Armen« ), sou wéi en um Plang agezeechnet ass, och fonktionéiert.

Elo op eemol an der regionaler Verkéiersetude (Schroeder & Ass.), wou P&CH den Optraggeber ass (« wessen Brot ich ess, dessen Lied …….. ») gesäit de Rond-Point an engem wesentlechen Punkt anescht aus: – e gëtt mat 4-spuerege Stroossen ugefuer, wat bedeit, dass mer am Agang vun Diddeleng e 4-spuerege Boulevard kréien (ähnlech wéi zu Foetz –> kuckt ënnert dem onglet « Biller »)  sou dass d’ Bamallee misst ofgeholzt ginn – fir biireng21 en absoluten No-Go!!! Mär beharren op enger Entrée an eis Stad di ästhetesch, a sënnvoll ass, well se den NOx an d’Feinstaubpartikel vum Trafic op der N31 filtert. An dësem Fall ass e sënnvollt Verbannen vun Ästhetik, logisteschen Ufuederungen, mee awer och e respektvollt Ëmgoen mat de Besoin’en vu Mënsch a  Natur duerchaus eng Erausfuerderung, awer absolut machbar.

Mär beharren och drop, dass de Foussgänger- a Veloswee laanscht d’N31 bestoe bleiwt, an op engem Rond-Point, den fir d’mobilité douce passéierbar bleiwt, dass een nach weiderhin  ouni Ëmwee op Betebuerg kënnt, sou wéi den deemolege Buergermeeschter Alex Bodry et de 4. Abrël 2014 anl. der öffentlëcher Virstellung vun der PAG-Ännerung et och vun de Vertrieder vu P&CH. verlaangt huet. Et gi genuch Beispiller am Ausland, wou dat geet.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Wen decidéiert? P&CH – oder d’Politik=de Bierger hir mandatéiert Vertrieder?

Kommodo-Prozedur Vergréisserung Q8

Eisen Aktiounskomitee ass géint all Vergréisserung vun Tankstellen un der Lëtzebuerger Strooss, dat am allgemengen, a konsequenterweis ganz aktuell och géint d’Vergréisserung vun der Q8 Tankstell um Rond-Point bei der Birenger Barrière.

Dat wéint der Proximitéit vun der Q8 Tankstell (an och den aneren Tankstellen) zu de Wunnquartier’en. Vun all den Tankstellen ginn Nuisancen aus, wéi zousätzleche Verkéier, Kaméidi a Benzolemissiounen, besonnesch rondërem d’Q8, wou rezent vill nei Residencen gebaut gi sinn. En Argument ass och, dass all zousätzleche Verkéier, den op d’N31 gelackelt gëtt (an dem heite Fall duerch d’Tankstellvergréisserung), zu dem Cumul un Schadstoffemissionen (Steckoxyder, CO2, Feinstaubpartikel, VOC) dee souwisou schon  duerch de massive Verkéier op déier Staatsstrooss héich ass, nach zousätzlech bäidréit.

E puer Memberen vun eisem Aktiounskomitee hunn an hirem perséinleche Numm (biireng21 ass keng juristesch Persoun) och Recours géint d’Vergréisserung vun der Q8 geholl. Den exakten Wuertlaut vum Recours ass ënnert « Courrier » nozeliesen.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Kommodo-Prozedur Vergréisserung Q8