Diddelenger Gemengerotssitzung vum 28.3.2014

D’PAG-Ännerung, déi duerch de Projet Multimodal néideg gin ass, stoung um Ordre du Jour vum Diddelenger Conseil.

Keng Partei ass sou richteg zefridde mat deem aktuelle Stand vum Projet. Nawell goufen t’Ännerungen ugeholl, et soll awer op weider Verbesserungen vun de Pläng insistéiert gin.

Hei t’Artikelen dozou aus dem Tageblatt an dem Wort.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Diddelenger Gemengerotssitzung vum 28.3.2014

Neies am Dossier Diddelenger Baach

T’Waasserwirtschaftsamt reagéiert op eis Bedenken a proposéiert eng Rei Amendementer um Projet:

1) d’Unterführungen vun der Baach ënnert der A 13, der Eisebunnslinn an dem CFL Multimodalsite ginn sou emgestalt, dass eng ökologesch Duerchlässegkeet garantéiert bleift (d.h. dass Liewewiesen weiderhin op dem ënnerierdeschen Deel migréiere kënnen); eng méi héichwäerteg Léisung also, wéi just zwee déck Kollekterréier an den A 13 Talus ze dreiwen.

2) den bis 6 m déiwe Gruef, an deen d’Baach nördlech vun der A 13 geluecht sollt ginn, soll verschwannen, an et soll eng besser Léisung proposéiert ginn.

3) op dem Site vun CFL Multimodal soll d’Baach guer net méi gedeckelt ginn.

4) den Deel südlech vun der A 13 op Diddelenger Säit ka méi naturno gestalt ginn, well d’CFL Emprisen op Terrain’e ronderëm d’Baach krut.

5) dat abrupt Niveausgefäll op Diddelenger Säit (e richtegen Treppléck), dat och en Hindernis fir eng ökologesch Duerchlässegkeet duerstellt, soll egaliséiert ginn.

2013-03-07_17-33-18_658

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Neies am Dossier Diddelenger Baach

Info-Versammlung!

Jidder Interessent un den aktuellen Entwëcklungen am Projet Multimodal, resp. un den neiesten Trafic- a Kaméidisprevisiounen, ass härzlech invitéiert op eng Informatiounsversammlung  mam Minister F. Bausch an dem Staatssekretär C. Gira,

Donneschtes den 3. Abrëll 2014 em 19h

am Konferenzsall vum Lycée Nic Biever (rue du Parc). Klickt hei fir e Blëck op eise Flyer dozou!

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Info-Versammlung!

Plang vun der Diddeléngerbaach

Wann Dir eech fir di geplangten Renaturéirung vun der Diddelénger Baach interesséiert, da fannt dir hei oder op eiser Dokumenten-Säit de genaue Plang vun der CFL.

T’Arbechten um neie Bett hun antëscht iwregens schon ugefangen.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Plang vun der Diddeléngerbaach

Enseignen

Hei eng Foto vun den Enseignen mat eiser Info-Kampagne betr. dem zukünftegen Trafic, deen wéinst CFL Multimodal an Eurohub am Agang vu Bireng entsteet. Mir haten se laanscht d’N31 an engem private Feld opgeriicht (mam Accord vum Bauer Wegener).

D’Enseignen stoungen zimmlech genau 1 1/2 Woch an du sinn se vu PT&Ch. ecartéiert ginn an op en Terrain vague beim Staatslabo entsuergt ginn.

Op eis Autorisatioun de Voirie fir se däerfen direkt laanscht der N31 opzeriichten waarde mer elo scho gudd 2 Méint. Ausser en Accusé de réception hu mer nach näischt kritt.

(Klickt op t’Bild fir eng grouss Usiicht)

IMG_0145

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Enseignen

Visite vum aktuellen Container-Terminal

CFL-Multimodal huet eis ugebueden, den aktuelle Container Terminal tëschent Diddeléng a Beetebuerg besichtegen ze kommen an eis Froen zum zukünftege Projet zu Diddeléng direkt u si ze riichten.

Wéini: Mëttwoch, den 19.03.2014 um 16.00 Auer

Wanns du interesséiert bass matzegoen, so weg. sou schnell wéi méiglech per Mail (raoulp@pt.lu) Bescheed! Bei dëser sëcherlech interessanter Visite gi mir hoffentlech eng ganz Rei Detailer gewuer, wat d’Auswierkunge vum Terminal op Diddeléng an op de Quartier Bireng wäerte sinn!

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Visite vum aktuellen Container-Terminal

Alternativ Proposen vum Här Paul Guennou

Den Här Paul Guennou ass e pensionéierten Ingenieur, deen seng ganz Carrière Flux de Trafic ausgerechent, an doropshin Accèspläng fir grouss Fabriken etc entworf huet. Donieft huet hien zäitweileg fir den CRP Tudor geschafft.

Hien huet elo am Kontakt mat eis eng Rei Pläng ausgeschafft, wou en 1. d’Emwee’er chiffréiert, déi bei dem Projet vu Pt & Ch. ufalen, resp. Alternativen zu der aktuell virgesiner Verkéiersféirung mëcht. All seng Alternativen gesi vir de Poids-lourds Trafic schon op der A 3, resp. der A13 opzefänken, a net iwwert e Rond-Point op der N31 ze féiren. Da kann deen och vill méi kleng ausfalen.

Eng méiglecherweis ganz interessant Propose gesäit anstatt e grousse Rond-Point zwee klenger vun 60 m Durchmiesser vir. Dat gëtt vill méi bëlleg, well di aktuell Unterführung ënnert der A13 ka bäibehale ginn an net wi beim Projet vun der Pt&Ch. 4 neier musse gebaut ginn! Et ass derwärt, sech seng Proposen op eiser « Dokumenter »-Säit unzekucken!

Publié dans Non classé | Un commentaire

Enseignen fir laanscht t’Strooss

Mat dësen Enseignen wëlle mir op eis Suergen opmierksam maachen, wat den zukünftegen zousätzlechen Verkéier op der Letzebuerger Strooss (N31) ugeet.

Wann een all Dag de Stop-and-Go Verkéier an de Spëtzestonnen materlieft, da schéngt et wéineg realistesch, dass deen neie Mega-Rondpoint, mat net manner wi 12 (!) Opfahrten, nach 3000 zousätzlech Camionen pro Dag soll verschaffen..

Et ass héich Zäit fir sérieux ze plangen! Mir stellen di Enseignen laanscht t’Strooss op, soubal di entsprechend Autorisatioun virläit.

ennseigne3

 

Publié dans Non classé | Un commentaire

Coming up: Resultater vun der Kaméidisétude

Mir erwarden demnächst t’Resultater vun der Kaméidisétude, déi Pt.&Ch. op Bedreiwen vun der Diddelénger Gemeng, an indirekt och Biireng21, am Hierscht an Optrag gin huet. Am November 2013 haten eng Parti Bierenger Awunner an deem Zesummenhang e Micro an eng Opzeechnungsvirrichtung an hirem Gaard, fir t’Intensitéit vum Kaméidi am Wunnquartier opzezeechnen. Responsabel fir déi Etude ass de Bréisseler Bureau d’Etudes A-Tech Acoustic Technologies.

Soubal t’Resultater eis virleien, fannt dir se hei um Site.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Coming up: Resultater vun der Kaméidisétude

Ministère bidd Entrevue un

Gutt Nouvellen vun der neier Regierung: Den Emweltministère huet prompt op eis Demande fir eng Entrevue reagéiert.

Mir hun, zesummen mam Mouveco Sud, eng Entrevue  am Emweltministère um Kiirchbierg ugebuede kritt (« Héichhaus  » 4 place de l’Europe). Do ass Méindes, den 20. Januar 2014 em 15.00 h e Gespréich mat de Ministeren vun der Emwelt an dem Developpement Durable, souwéi dem Staatssekretär, virgesin.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Ministère bidd Entrevue un