biireng21 stellt fest: national Wirtschafts – an Transportpolitik op Käschten vun den Diddelenger Awunner

Hei eng net exhaustiv Opzielung vun de ville Nodeeler, déi d’Diddelenger Awunner mussen a Kaf huelen wéinst dem Schaaffen an dem Implantéiren vun nationalen ökonomesche Projet’ën op Diddelenger/Betebuerger Territoire, wéi beispillsweis den CFL Multimodal, den Eurohub, d’Molkerei FARGE, asw ….

Zoubetonéiren vun oppener Landschaft (= Proximitéits-Spadséierweeër ronderem den Uertsdeel Bireng si verschwonnen)

Kaméidis -, Loft –  a Liichtpollution mat entspriechender Gesondheetsgefährdung

Kondenséirung vum Verkéier a Schaaffe vu Verkéierskniet (bewosst oder onbewosst??) am Nordagang vun eiser Stad

Sträiche vun direkten Zuchverbindungen an d’Stad fir – wéi et sech am Nachhineien erausgestallt huet – der CFL Cargo (an anere Wieder CFL Multimodal) méi Plagen zur Verfügung ze stellen

Entstoen vun engem Mega Rondpoint am Nordagang vun Diddeleng mat groussem Blokéier- a Stau Potential, wann ee wëll an Diddeleng erafueren, resp. op direktem Wee op Betebuerg wëll fueren

vum Dësch gewëscht gëtt d’Méiglechkeet vun engem zousätzlechen Zuchhalt an der Industriezon Riedgen, dee gläichzäiteg eng alternativ Direktzuchverbindung vun Diddeleng an d’Stad géif bedeiten (MDDI Minister Bausch wénkt of, an iwwerhëlt d’Argumenter vun CFL 1:1, déi all Verbesserungsvirschléi mat « wéint technesche Problemer net realiséierbar » vum Dësch wëschen); den Diddelenger Schëfferot wier gutt beroden, déi Méiglechkeet vun onofhängegen Verkéierswëssenschaftler ënnersichen ze loossen

d’Schaaffe, bzw. d’Entstoen (bewosst oder onbewosst?) op laang Siicht vun enger verkéierstechnescher Impasse-Situatioun fir Diddeleng

biireng21 seet:

de neien Diddlenger Schëfferot, a net just si, mee all d’Parteien an d’Bierger mussen aktiv ginn, fir d’Intérêt’en vun eiser Stad bei der Regierung anzefuerderen (Emojis op facebook, déi de béise Fanger maachen, hu net méi wéi Symbolcharakter);

et geet elo duer, dass d’Diddelenger Bierger ongefrot just d’Nodeeler vun nationalen ökonomesche Projet’en a Kaf mussen  huelen;

et mussen attraktiv Léisungen op lokalem Plang entwéckelt ginn, an dat a Form vun aktiver partizipativer Biergermobilisatioun, mär verweisen op deen vum Minister Bausch an Diddelenger Buergermeeschter ugekënnegten Biergerforum

biireng21 gëtt och net mitt, fir op en train-tram (Stadtbahn) als Léisung vu ville Verkéiersproblemer (aktueller an zukünfteger) an Diddeleng hinzeweisen – ënnerschreiwt w.e.g. d’online Petitioun fir e modernen train-tram tëscht Diddeleng an der Stad

net mär eleng, och eminent auslännesch Verkéeirsexpertën, wéi den emiritéierte Professer a Verkéierswëssenschaftler Heiner Monheim vertrieden dee Léisungsusaz; Diddeleng mat senge villen Eisebunnshaltestellen ass schon elo fir den Asaz vun engem train-tram optimal gerüst.

Interview mam Heiner Monheim (emerit. Profess.Uni Tréier) betr. Léisung öffentlechen Transport train-tram

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur biireng21 stellt fest: national Wirtschafts – an Transportpolitik op Käschten vun den Diddelenger Awunner

weider Gesondheetsbelaaschtung duerch iwwerméisseg Liichtpollutioun vun CFL Multimodal

Eng weider Kéier hunn d’Awunner vun Diddeleng-Bireng e Nieweneffekt vun der multimodaler Plattform CFL ze erdroen, den sech negativ op hir Gesondheet wäert auswierken.

Foto, den 21.10.2017 vun der rue Henri Dunant aus op de Site CFL Multimodal opgeholl: et gesäit een déi extrem Liichtpollutioun vun de Beleuchtungsmasten vun CFL Multimodal am Verglach mat der Beleuchtung vun der A13 (ganz lénks)

Vue vun der Kräizung rue Schweitzer – rue Pasteur – rue de Hellange  aus op d’Nuetsbeleuchtung vum CFL Multimodal am Hannergrond – do freet een sech virwat sou Etuden wéi déi betr. Liichtpollutioun iwwerhat vum Staat (MDDI) an Optrag ginn, wann d’Recommandatiounen dovun konsequent ignoréiert ginn!

Niewt dem nächtlechen Kaméidi wéint den Lautsprecherduerchsoen um multimodale Site, déi ee bis an de Wunnquartierën Bireng, Soibelkaul a Ribeschpont héiert, a mëtten an der Nuet aus dem Schlof geschreckt gëtt,  huet sech eng zousätzlech Beeinträchtegung vun der Liewensqualitéit, bzw. vun der Gesondheet vun de betraffenen Awunner  bemierkbar gemat, an zwar eng extrem Liichtpolutioun, bedingt duerch eng Vielzahl vu Flutliichtmasten, déi wäit bis an d’Wunnsiedlungen ronderëm ofstrahlen.

Dass de Bedreiwer CFL Multimodal erlabt kritt huet dës Zort vu Beleuchtung opzeriichten erstaunt emsou méi, well d’Emweltministesch vun Abrël bis Juni 2016 eng Studie eben zum Thema Liichtpollutioun vun engem schwäizeresche Wëssenschaftler maache gelooss huet, laang éier op dem multimodale Site d’Beleuchtung installéiert gouf.

schwäizeresch Studie (Dr Lukas Schuler – dark sky Switzerland) zur Liichtverschmotzung zu Lëtzebuerg

All d’Recommandatiounen, déi aus déier Etude fléissen, schéinen net an der Praxis mussen applizéiert ze ginn, well op dem Site goufen net déi nei asymmetresch Strahler mat horizontaler Ofschirmung, déi den Dr Lukas Schuler recommandéiert installéiert. Niewt dem negativen Impakt op d’Gesondheet vun de Awunner an de Nopeschquartierën, huet déi extrem Liichtbelaaschtung och negativ Auswierkungen op nuetsaktiv Liewewiesen (Insekten, Fliedermäis, Amphibien, asw.) déi hir Liewensräim direkt niewent dem Site ronderem d’Diddelenger Baach, an de Birenger Wisen a Felder hunn, a fir déi déi extrem Nuetsbeleuchtung zu enger déidlecher Fal gëtt.

Op der Foto aus der Studie vum Dr Lukas Schuler gesäit ee gutt den Ënnerscheed tëscht de verschiddenen Strahler: lénks déi recommandéiert asymmetresch Strahler mat horizontaler Ofschiermung

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur weider Gesondheetsbelaaschtung duerch iwwerméisseg Liichtpollutioun vun CFL Multimodal

Nei Gewerbezon PAP Helper Ostsäit op der grénger Wiss (vis-à-vis vum Staatslabo) = Aus fir d’Bamallee op der Lëtzebuerger Strooss

biireng21 gëtt ës net mitt ze widerhuelen, dass eng nei Gewerbezon laanscht d’Lëtzebuerger Strooss op der grenger Wiss niewt der Garage Kauffmann d’Doudesurdeel fir d’Bamallee an hirer jëtzeger Form bedeit.

Pont&Chaussées waren bei eiser läschter Entrevue am Juli 2017 onmëssverständlech: Sollt d’Gemeng an hirem PAG eng nei zousätzlech Gewerbezon laanscht d’Lëtzebuerger Strooss amenagéiren (an de Wisen tëscht der Garage Kauffmann an dem Haff Mailliet), da gesäit d’Adminstratioun sech forcéiert wéint dem zousätzleche Verkéier, deen doduerch  op déi iwwerbelaaschten N31 geleet gëtt, hir Verantwortung z’iwwerhuelen, an déi aktuell Strooss op 4 Spueren z’erweiteren, wat gläichbedeitend ass mat dem Aus fir d’Bamallee an hirer jëtzeger Form.

En Diddelenger Politiker ka net higoen a soen:  » Ech si fir den Erhalt vun der Bamallee » a gläichzäiteg eng nei Gewerbezon Helper op der grenger Wiss propagéiren.

Entweder dat eent oder dat anert!!!

An der Tëschenzäit, besonnesch nom Info-Owend vu biireng21 den 28. September am Hild, ass dee Sachverhalt all Diddelenger Politiker kloer: Wann ech Fir den Erhalt vun der Bamallee sinn, da muss ech géint eng zousätzlech Gewerbezon laanscht d’Lëtzebuerger Strooss sinn ! !

Dofir freet biireng21 all Diddelenger Bierger, deem den Erhalt vun der Bamallee um Häerz läit sech de Wahlprogramm vun de verschiddene Parteien, déi fir d’Gemengewahlen kandidéiren, genau unzekucken, an entspriechend ob d’Partei eng zousätzlech Gewerbezon HELPER propagéiert oder och net hire Choix ze treffen.

Denkt drun d’online Petitioun fir e modernen Tram tëscht Diddeleng (Volmerange) an der Stad z’ënnerstëtzen!! Merci.

online Petitioun fir e modernen Train Tram tëscht Diddeleng an der Stat

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Nei Gewerbezon PAP Helper Ostsäit op der grénger Wiss (vis-à-vis vum Staatslabo) = Aus fir d’Bamallee op der Lëtzebuerger Strooss

Info Owend Donneschden, den 28.09.2017 vu biireng21 – e volle Succès – dofir en décke Merci un all d’Participant’ën

Foto vum Info Owend am HILD – Deelausschnëtter

online Petitioun fir e modernen Train Tram tëscht Diddeleng an der Stat

Den Info Owend vu biireng21 am HILD war gutt besicht (wat d’Fotoën bestätegen) – präsent ware net just interesséiert Bierger, mee och den integralen Schëfferot vun der Stad Diddeleng, a Vertrieder vun de Parteien, déi den 8. Oktober fir e Mandat am neie Gemengerot kandidéiren.

De Comité d’Action huet eng Power Point Präsentatioun gewisen mat senge Fuerderungen an Analysen betr. der Bamallee, awer och der allgemenger Mobilitéit an Diddeleng, z.B. d’Fuerderung no engem modernen train tram mat all senge Virdeeler anstatt dem aktuellen Zuchmaterial.

Et goufen och eng Parti nei Informatiounen virgestallt, e.a. Detailler betr. d’Etude vum LIST (Luxemburg Institute of Science and Technologie) den am Optrag vun der Gemeng d’Loftqualitéit op veschidde Plazen an der Gemeng am Joer 2016 + Januar 2017 ënnersicht huet. De Schëfferot, huet d’Etude an Optrag ginn – all Respekt – (de Staat huet sech a senger rezenter Enquête Publique betr. der Loftqualitéit zu Lëtzebuerg nämlech onsënnegerweis op Donnéeën aus dem Joer 2011 baséiert – e Nogo).

Déi verantwortlech Diddelenger Politiker aus dem Schëfferot hu sech awer missen de Virworf gefale loossen, dass se d’Resultater vun déier Etude nach net öffentlech virgestallt hunn!!! Besonnech well deelweis erschreckend Werter vun de Wëssenschaftler vum LIST gemooss goufen. Déi wéinegst Diddelenger Bierger wäerte wëssen, dass d’Etude « zur Einsicht » um Bureau vum Service Ecologique an der Jean Jaurès Stroos läit. Méi zu dëser Etude, déi ganz kloer weist, dass déi schlecht Loftqualitéit (héich NOx Werter, net wäit ewech vun den erlabten Grenzwerter) a verschidde Quartierën op den extreme Verkéier zréckzeféiren ass. Méi dozou an engem separaten Artikel.

Hei ënnen drënner de link fir sech an aller Rou d’Präsentatioun vum Info Owend am pdf format unzekucken.

20170928 – v2_00 – présentation biireng21 (deel#1)

20170928 – v2_00 – présentation biireng21 (deel#2)

Een Deel vun der Präsentatioun huet sech em d’Virdeeler, déi d’Aféiren vun engem train tram tëscht Diddeleng an der Stad (an enger 1. Phase just bis op Beetebuerg) géif mat sech bréngen. An der Präsentatioun bezéien sech d’slides 26, 27, 28 op dës Thematik. Hei ënnen drënner e link op eng Broschür vun der franséischer Gesellschaft Alstom, déi TGV Maschinnen produzéiren an awer och den traintam Dualis Citadis, en héicht modernt a performant schinnegebonnent Material – maacht Iech selwer e Bild (:-))

fiche technique vum modernen train tram vun Alstom (d’Firma huet viru kuerzem mat Siemens fusionéiert)

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Info Owend Donneschden, den 28.09.2017 vu biireng21 – e volle Succès – dofir en décke Merci un all d’Participant’ën

e Succès fir biireng21 – den Environnement verweigert d’Ofholzen vun de 4 Beem aus der Allee laanscht d’N31

biireng21 huet eng Äntwert op seng Opfuerderung un d’Emweltministerin kritt, fir déi 4 Beem laanscht d’N31 NET ofzeholzen, sondern den Discounter LIDL vun hannen unzefueren, anstatt iwwert déi sws total iwwerlaaschten N31

Den Här Camille Gira, Staatssekretär am MDDI huet geschriwwen, dass hien der Meenung ass, dass d’Bamallee absolut vital ass, wichteg Fonktiounen erfëllt an aktuell kee Grond besteet eng Autorisatioun fir ofzeholzen ze erdeelen. Hie fuerdert d’Gemeng op en zesummenhängende Konzept vum ganze Beräich ronderem d’Nordentrée vun der Stad Diddeleng  am Kader vum neie PAG eranzereechen, anstatt drëppchersweis fir eenzel PAP Autorisatiounen unzefroen.

Déi Äntwert bedeit zwar, dass aktuell keng Beem ofgeholzt ginn, mee leider ass et just en Opschub, vu dass mer wëssen, dass den aktuellen Schëfferot am neie PAG eng zousätzlech Gewerbezon « Helper » op der Säit vun der Garage Kaufmann plangt. All zousätzlech Aktivitéiten am Beräich vum Nordagang vun der Stad Diddeleng, déi hiren Accès iwwert d’N31  kréien, an domat de Verkéier op déier Staatsstrooss uwuesse doen,  bedeiten, dass d’Pt&Ch. sech an der Pflicht gesäit, d’Staatsstrooss op 4 Spueren ze vergréisseren, wat den Aus fir 38 Beem vun der aktueller Allee bedeit.

biireng21 fuerdert dofir am neie PAG vun der Stad Diddeleng keng weider Aktivitéitszon op der Säit vun der Garage Kaufmann virzegesinn, mee dee Beräich als zone verte ze klasséiren. biireng21 schléit als Ersatz eng deelweis Emklasséirung vun der nationaler Industriezon « Riedgen », déi zu engem groussen Deel zënter Joerzéngten brooch läit, an eng kommunal Aktivitéitszon vir.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur e Succès fir biireng21 – den Environnement verweigert d’Ofholzen vun de 4 Beem aus der Allee laanscht d’N31

Info Owend den 28. September 19.00 h am ancien HILD vis-à-vis vun der Gare

Reservéiert Iech den Owend vum 28. September a kommt an den HILD vis-à-vis vun der Gare fir Iech iwwert d’Detailler an d’Hannergrënn betr. den Erhalt vun der Bamallee laanscht d’lëtzebuerger Strooss (N31) z’informéiren an Iech och an d’Diskussioun           anzebréngen – deen Dossier ass méi komplex wéi et op den 1. Bléck schéint – dee Match ass nämlech nach laang net gewonnen

E weidere Punkt dee mer deen Owend uschwätzen ass d’Qualitéit vun der Ubannung vun Diddeleng un den Eisebunnsreseau.

Et ass simplistesch, resp. puren Aktivismus d’Erhale vun den direkten Diddelenger Zuchverbindungen an d’Stad an enger Petitioun ze fuerderen, sou wéi et eis Gemengeverantwortlech gemat hunn a net a Betruecht ze zéien, dass d’Betebuerger Stellwierk net méi uptodate ass, total iwwerfuerdert ass, a keng zousätzlech Direktverbindungen an d’Stad méi packt.

Just als fait divers: erstaunlëcherweis hunn d’Diddelenger Vertrieder an der Chamber (déi z.D. och am Gemengerot vertruede sinn, an do déi besoten Petitioun lancéiert hunn) d’Motioun vum 06.07.2017 fir d’Direktverbindungen Diddeleng-Lëtzebuerg, resp. Rëmeleng-Lëtzebuerg z’erhalen, resp. auszebauen net matgestëmmt, resp. dogéint gestëmmt.

D’Bäibehalen vun den Diddelenger Direktverbindungen géif op der anerer Säit bedeiten bei der Zuchverbindungen Thionville – Lëtzebuerg, resp. Esch-Lëtzebuerg Zich ewechzehuelen, wat total kontraproduktiv ass, an domat weidere Verkéier op den Autobunnen A3 an A4 géif generéiren. D’Léisung muss eng aner sinn.

Eise Virschlag ass tëscht Diddeleng an der Stad e modernen Train-tram fueren ze loossen, mat verschidden Direktverbindungen an d’Stad, awer meeschtendeels just bis op eng modern Betebuerger Gare (déi sou séier wéi méiglech muss den aktuellen Gegebenheeten ugepasst ginn), wou d’Emsteigen keng Zumutung méi ass, mee op deemselwechte Quai kann stattfannen.

http://www.letbaner.dk/docs/Faktaark_ALSTOM-Citadis-Dualis.pdf

En train-tram wéi de Citadis Dualis ass en intelligente Mix tëscht Zuch an Tram deen d’Virdeeler vun deenen 2 Transportmëttelen op sech vereenegt.

  • eng Villzuel vun Dieren pro voiture, fir d’Eran- an Erausklammen beschleunegt
  • d’Méiglechkeet, fir d’Kräizungen vu Strooss a Schinn mat roude Luuten z’organiséiren (an anere Wieder déi vill passages à niveau zu Diddeleng bréichte net méi mat Barrièren gesëchert ze ginn)
  • en train-tram kann Schrëtttempo fueren awer op oppener Streck och bis zu 100 km/h (wichteg fir Direktverbindungen an d’Stad)
  • en train-tram wéi de Citadis-Dualis vun Alstom ass modulabel (et kënne Voituren drugehaange ginn) an et kënne iwwert 300 Voyageuren transportéiert ginn, am Géigesaz zu den alen Autorail’en De Dietrich, déi an der Zäit tëscht Diddeleng a Betebuerg zirkuléiert sinn

Virun allem bréichten an Diddeleng net e puer passages à niveau ze verschwannen, sou dass den Autosverkéier, wann en d’Schinnen wëll queren just nach 2 Méiglechkeeten an eiser Stad huet: d’Überführung am Quartier italien beim Skaterpark an eng nei nach ze schaaffend Unterführung bei der Gare, déi da misst ewechgerappt ginn. Sou géif den Autosverkéier op deenen 2 Passagen nach vill méi dense ginn a massiv Problemer mat sech bréngen (schmuel Stroossen duerch de Quartier italien Tattebierg a Gaaffelt, Präsenz vu Schoulen). Ausserdem wier et eng urbanistesch Doudsënn eng Unterführung bei der Gare ze bauen, an d’Gare ofzerappen.

Verkéierstechnesch géif en immensen Knuet geschaaf ginn, an zwar op der Héicht vun der Nuddelsfabrik an der Lëtzebuerger Strooss: op déier Plaz géif de Verkéier, den aus 3 Richtungen kënnt: aus der Gaffelt, vu Kayl an aus der neier Unterführung op enee treffen.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Info Owend den 28. September 19.00 h am ancien HILD vis-à-vis vun der Gare

biireng21 trëfft de Minister vum MDDI Här François Bausch

biireng21 ass de 27. Juli vum Minister François Bausch op de läschte Stand betr. d’Bamallee laanscht d’N31 gesat ginn. Präsent bei dem Treffen waren och d’Häre Biel a Wolter vu Pt&Ch.

Punkt ass, dass d’Bamallee (bis op 4 Beem) an hirem aktuelle Bestand fir déi nächst 3 bis 4 Joer net ugetaascht gëtt. Déi 4 Beem mussen der Entrée vum Discounter LIDL weechen. Allerdings steet d’Autorisatioun fir déi 4 Beem emzeplanzen/resp. ofzeholzen nach aus. Dofir huet biireng21 e Bréif un d’Ministesch Mme Carole Dieschbourg geschriwwen, fir an enger 1. Optioun den Discounter vun hannen iwwert den Echangeur (Rond-Point) laanscht den LNS (Staatslabo) ufueren ze loossen. An enger 2. Optioun proposéire mär hëchsten 2 Beem ze deplacéiren, an aplaaz Spiggelen opzeriichten, fir d’Siicht op d’N31 ze erliichteren. Mär insistéiren och déi 2 Beem hëchstens em e puer Meter ze deplacéiren an laanscht d’Opfahrt vum Discounter nei unzeplanzen.

Et bleiwt z’erwähnen, dass den Diddelenger Gemengerot virun 3 Joer unanime de PAP vum LIDL gestëmmt huet, an domat och d’Ofholzen/resp. d’Deplacéiren vun de Beem gutt geheescht huet.

Gemäss den Aussoen vum Minister a senger Administratioun vu Pt&Ch. ass allerdings och Fakt, dass wann den Diddelenger Schëfferot, resp. den Diddelenger Gemengerot weiderhin de Projet Gewerbezon PAP HELPER op der grénger Wiss (dat ass déi Gréngfläch tëscht der Garage Kaufmann an dem Haff Mailliet op der lénker Säit Richtung Diddeleng gekuckt) bedreiwt, et onweigerlech zu enger 4-spuereger N31 muss kommen, an dat den Aus fir d’Bamallee an hirer jetzeger Form bedeit.

Dofir fuerdert biireng21 all Diddelenger Bierger, déi fir d’Erhale vun der Bamallee sinn,  sech de Wahlprogramm vun deene verschiddenen Diddelenger Parteien am Hibléck op d’Gemengewahlen vun Oktober 2017 genau unzekucken, a konsequenterweis déie Parteien hir Stëmm ze ginn, déi op eng zousätzlech Gewerbezon HELPER verzichten!!

Am Moment leeft eng online Petitioun fir den Erhalt vun der Bamallee laanscht d’N31 an hirer aktueller Form. Mär géifen Iech invitéiren Är Ënnerschrëft online op dem Site fir den Erhalt vun der Bamallee ofzeginn.

 

https://www.openpetition.eu/lu/petition/online/erhaale-vun-de-beem-laanscht-dletzebuerger-strooss-n31

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur biireng21 trëfft de Minister vum MDDI Här François Bausch

Transparenz geet anescht!!!

Am Reportage vun rtl « den Dossier » e Méinden, den 8. Mee 2017, wou biireng21 zu Wuert koum, ass gläichzäiteg och e Statement vum Diddelenger Buergermeeschter an der Adnministration des Pt&Ch. opgeholl ginn. Do huet den Direkter vu Pt&Ch., den Här Fox, wat d’Zukunft vun der Lannenallee ubelaangt d’Kaz aus dem Sak gelooss.

http://tele.rtl.lu/emissiounen/den-dossier/3093651.html

Hien huet e Plang presentéiert, wou kloer doraus ervir goung, dass seng Administratioun plangt zousätzlech zu den 10 scho verplanzten, nach 37 Lannen (am Total souzesoen d’Halschent vun der Allee) vun der N31 ewech ze huelen. Si ginn, den Aussoen vum Här Fox net just um Site selwer geréckelt, entgéint dem, wat mer op verschidde Reuniounen um MDDI versëchert kruten?!

Eng knapp Woch virdrun, den 2. Mee 2017 huet de Minister Fr. Bausch am CNA zu Diddeleng nach eng Kéier confirméiert, dass hien just eng Autorisatioun ginn huet fir 10 Beem ëmzeplanzen, wat och an der Tëschenzäit geschitt wier. Vun de Pläng vu senger Administratioun zousätzlech nach 37 Beem ze deplacéiren, huet hien näischt erwähnt. Heescht dat, dass hien och réischt am Reportage vun rtl dovu gewuer ginn ass? Oder vergiess huet Transparenz spillen ze loossen.

Op enger Reunioun mam Diddelenger Buergermeeschter, Memberen vum Schëfferot, verschidde Vertrieder aus de kommunalen Servicen a net zerläscht de Verkéiersexpert vun der Stad Diddeleng  de 25. Abrël 2017 ass och nach näischt vun de neiste Pläng vu Pt&Ch. erwähnt ginn.

Mär hoffen, dass de Minister net vu senger Autorisatioun fir just 10 Beem ze deplacéiren ofréckelt. Et ka net sinn, dass d’Realisatioun vum PAP vun engem privaten Discounter par rapport vun den Interêtën vun den Diddelenger Awunner priméiert.

Erënnere mer drun,  dass net just eleng biireng 21, mee och Wëssenschaftler vum LIST (Luxemburg Institute of Science and Technologie, den während dem ganze Joer 2016 eng Loftbestandsanalys zu Diddeleng gemat huet, e.a. och laanscht d’N31) bestätegt hunn, dass déi Beem eng immens wichteg Fonktioun hunn: nämlech d’ Schadstoffer (virun allem NOx a Feinstaubpartikel, déi duerch den héije Verkéier op der N31 entsteet ze filteren.

Bis déi nei Beem, déi Pt&Ch. plangt anstatt den ale Lannen laanscht d’N31 unzeplanzen déiselwecht Filterfonktioun kënnen iwwerhuelen, wäerten Joerzéngten vergoen.

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur Transparenz geet anescht!!!

biireng21 sichtbar mat hire Fuerderungen en place publique

De Panneau mat de Fuerderungen vu biireng21 steet aktuell beim Kräiz an der Léi; virdrun stoung den Unhänger, den eis de Bauer Ren zur Verfügung gestallt huet a gemäss eise Wënsch hin an hir féiert laanscht d’N31.

E puer Exemplaire vu Bréiwer, Kaarten a Noten, déi eis d’ Diddelenger Leit als Kommentar an eis Bréifkëscht geheit hunn

Och an Autosfënsteren kann een eis Fuerderunge gesinn

« mär wëlle bleiwe, wou mer stinn »

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur biireng21 sichtbar mat hire Fuerderungen en place publique

10 Lannen vun der N31 op e neie Site ëmgeplanzt

Wéi mat biireng21 ofgeschwat sinn 10 Lannen vun enger däitscher Gaardebaufirma mat Spezialgerät laanscht d’N31 erausgeholl ginn an hunn um Site vun der renaturéierter Diddelenger Baach um Enn vun der A. Schweitzerstrooss en neit Doheem fonnt. Wéint der Vergréisserung vun dem Échangeur de Burange op 3 Pisten a villen zousätzlechen Op – an Offahrten, war keng Plaz méi fir déi 10 Beem, an hu misse réckelen.

Mär ënnersträichen awer, dass mer eis géint all weidert Ewechrappen vun zousätzlechen Lannen laanscht d’N31 wieren. Genau op hirer aktueller Plaz laanscht déi verkéiersiwwerbelaaschte Strooss, mat schlechten Loftwerten (NOx a Feinstaubpartiklen) spillen déi Beem eng wichteg Roll, an hëllefen, dass d’Loftqualitéit net nach méi schlecht gëtt.

Eng lëtzeb. Gaardebaufirma huet den Optrag kritt während 2 Joer fir den Entretien vun de Beem op hirem neien Standuert ze suergen, d.h. am Summer virun allem regelméisseg an ausgiebeg ze netzen. Eisen Informatiounen ze folleg huet déi Firma en ausgezeechnete Ruff, wat den Entretien vun frësch ëmgeplanzten Beem, déi schon e gewëssen Alter hunn, betrëfft.

 

Publié dans Non classé | Commentaires fermés sur 10 Lannen vun der N31 op e neie Site ëmgeplanzt