Kritiken um Projet CFL Multimodal

  • d’Autorisatioun vun der Emweltverwaltung fir de Site ofzeholzen ass zu engem Zäitpunkt un de Bedreiwer (CFL) gaangen, wou den nach amgaang war um Avant-Projet Détaillé ze dokteren, den do mol nach net beim Ministère du Développement Durable et des Infrastructures agereecht gi war; d’Ofholzen hätt onbedingt misse phaseweis duurchgefouert ginn, a net an dem Kahlschlag-Verfahren, wéi mer et erliewt hunn
  • d’Oplo un d’CFL fir rëm op präzis festgeluechte Plazen an der Sektioun Biireng opzeforsten (no cadastrales 858, 857, 919/2712, 917/265, 917/264, 912/1691, 912/1690, 9166/2178) et geet Rieds vun enger Chênerie vun op manst 9000 m2, geschitt leider net synchron mat der Ofholzaktioun
  • d’Gesetz vum 29. Mee 2009 http://www.legilux.public.lu/rgl/2009/A/1738/A.html#7534 ass vun der CFL op eng onverschimt Manéier ausgeluet ginn, andems se d’Enquête Publique, während déier d’Awunner konnten an engem Zäitraum vun 1 Mount Recours géint de Projet alee’en, op de Joreswiessel 2011/2012 getesselt hunn, wou se genau woussten, dass vill Leit an der Vakanz , resp. mat de Fester vum Joresenn beschäftegt waren
  • e Monster Verdeelerkreess mat 4 Spuren gëtt op der N 31 amenagéiert, fir den LKW- Verkéier op de Site vum Container Terminal ze leden, an zwar do wou se op d’A 13 stéisst, an dat och nach an enger extremer Proximitéit zu 2 Wunnhäiser, sou dass d’Liewensqualitéit do praktesch géint Null tendéiert; d’Verbindung tëscht den 2 Uertschafte Betebuerg an Diddeleng gëtt sou extrem behënnert, an de Verdeelerkreess stellt fir Fousgänger a Velosfuerer en oniwwerwëndlecht Hindernis duer; firwat net den LKW-Verkéier schon op der A 3 opfänken an op de Site drainéiren, ouni e virdrun 4 km laanscht den Uertsdeel Biireng ze féiren
  • an dem Super-Ministère du Développement Durable et des Infrastructures (MDDI) mat sengen 2 Beräicher Transport an Emwelt, priméiert den Transport, an d’Emwelt kritt meeschtens den 2. Präis, dofir ass et onabdingbar, dass fir d’Emwelt rëm  en autonome Ministère geschaaff gëtt
Veröffentlechung vum Avant-Projet sommaire am Dezembe 2011 "ein Schelm, der Böses dabei denkt"

Veröffentlechung vum Avant-Projet sommaire am Dezember 2011 « ein Schelm, der Böses dabei denkt »