Alternativ Proposen vum Här Paul Guennou

Den Här Paul Guennou ass e pensionéierten Ingenieur, deen seng ganz Carrière Flux de Trafic ausgerechent, an doropshin Accèspläng fir grouss Fabriken etc entworf huet. Donieft huet hien zäitweileg fir den CRP Tudor geschafft.

Hien huet elo am Kontakt mat eis eng Rei Pläng ausgeschafft, wou en 1. d’Emwee’er chiffréiert, déi bei dem Projet vu Pt & Ch. ufalen, resp. Alternativen zu der aktuell virgesiner Verkéiersféirung mëcht. All seng Alternativen gesi vir de Poids-lourds Trafic schon op der A 3, resp. der A13 opzefänken, a net iwwert e Rond-Point op der N31 ze féiren. Da kann deen och vill méi kleng ausfalen.

Eng méiglecherweis ganz interessant Propose gesäit anstatt e grousse Rond-Point zwee klenger vun 60 m Durchmiesser vir. Dat gëtt vill méi bëlleg, well di aktuell Unterführung ënnert der A13 ka bäibehale ginn an net wi beim Projet vun der Pt&Ch. 4 neier musse gebaut ginn! Et ass derwärt, sech seng Proposen op eiser « Dokumenter »-Säit unzekucken!

Ce contenu a été publié dans Non classé. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.

Une réponse à Alternativ Proposen vum Här Paul Guennou

  1. Bob Schumacher dit :

    Firwat gin d’Stroossen schon gebaggert wann nach net kloer as wei eng Stroossen gebaut gin??? huet d’Gemeng do schon eng Genehmegung erausginn??

Les commentaires sont fermés.